NATIONAL/ZE VILL OPPE FROEN
RTL|Update: 21.06.2022

„Fir eis geet de Platzverweis, sou wéi den Henri Kox e virstellt, net wäit genuch“, sot de Léon Gloden no der zoustänneger parlamentarescher Kommissioun.
Seng Partei wier net d’accord mam Gesetzprojet iwwert de Platzverweis. Dat sot den Député-Maire Léon Gloden no der parlamentarescher Kommissioun iwwert déi bannenzeg Sécherheet.
Fir déi chrëschtlech-sozial ass net kloer genuch, wat d’Autoritéite kënne maachen, wa Leit den Accès vun der Ëffentlechkeet zu Bürosgebaier blockéieren. Et géifen nach ze vill oppe Froe ginn.
„Fir eis geet de Platzverweis, esou wéi den Henri Kox e virstellt, net wäit genuch, well e méi Problemer schaaft wéi Léisunge bitt. Wann ee mat Poliziste schwätzt, soen déi engem dat selwecht. Dofir hunn ech elo en Amendement erabruecht, fir e generellen Platzverweis. Egal, wou ee lungert, datt d’Police do kann intervenéieren. Eng ‚Détention administrative‘, wéi dat am Fachjargon heescht. Mir hunn als CSV och en zweete wichtegen Amendement erabruecht, an deem steet, wann een zweemol der Police net follegt, da ka si ee mat op de Büro huelen. Eng ‚Détention administrative‘, wéi dat am Fachjargon heescht.“
„Fir eis geet de Platzverweis, sou wéi den Henri Kox e virstellt, net wäit genuch“, sot de Léon Gloden no der zoustänneger parlamentarescher Kommissioun.
Seng Partei wier net d’accord mam Gesetzprojet iwwert de Platzverweis. Dat sot den Député-Maire Léon Gloden no der parlamentarescher Kommissioun iwwert déi bannenzeg Sécherheet.
Fir déi chrëschtlech-sozial ass net kloer genuch, wat d’Autoritéite kënne maachen, wa Leit den Accès vun der Ëffentlechkeet zu Bürosgebaier blockéieren. Et géifen nach ze vill oppe Froe ginn.
„Fir eis geet de Platzverweis, esou wéi den Henri Kox e virstellt, net wäit genuch, well e méi Problemer schaaft wéi Léisunge bitt. Wann ee mat Poliziste schwätzt, soen déi engem dat selwecht. Dofir hunn ech elo en Amendement erabruecht, fir e generellen Platzverweis. Egal, wou ee lungert, datt d’Police do kann intervenéieren. Eng ‚Détention administrative‘, wéi dat am Fachjargon heescht. Mir hunn als CSV och en zweete wichtegen Amendement erabruecht, an deem steet, wann een zweemol der Police net follegt, da ka si ee mat op de Büro huelen. Eng ‚Détention administrative‘, wéi dat am Fachjargon heescht.“ Léon Gloden iwwert de Platzverweis
D’Police bréicht kloer Reegelen, fir dëst Gesetz ëmzesetzen, esou de Léon Gloden.