PRESSE RTL.lu Wien dréit Matschold um Accident zu Lausduer viru 4 Joer?

NATIONAL- – Prozess mat 2 UgeklotenWien dréit Matschold um Accident zu Lausduer viru 4 Joer?

Vu(m) Diana Hoffmann|Update: 04.07.2022

RTL
© RTL Archivbild

E Méindeg de Mëtteg geet um Geriicht zu Dikrech de Prozess ëm en Accident zu Lausduer un, bei deem een 39 Joer ale Polizist gestuerwen ass.

Beim Accident gouf och eng Polizistin schwéier blesséiert an dräi weider Beamte liicht blesséiert. De Prozess mat 2 Ugekloten ass op 4 Verhandlungsdeeg ugesat.

D’Faite leien iwwer 4 Joer zréck an hu sech an der Nuecht vum 13. op de 14. Abrëll 2018 ofgespillt. Wéi en Autofuerer op der Wemperhaart enger Police-Kontroll  bemierkt huet, huet hien d’Kéier gemaach an ass fortgefuer. D’Polizisten, déi dëst bemierkt hunn, hunn d’Course-poursuite opgeholl. Fanne konnten si de Schëllegen awer net, wëll dëse sech schonn zu Wäiswampech op engem Parking verstoppt hat. Hanner Wäiswampech, op der Héicht vu Lausduer, hunn d’Polizisten dunn en Auto gestoppt, fir ze froen, op een de flüchtegen Auto gesinn hätt. No enger negativer Äntwert wollte si d’Kéier maachen a sinn dobäi vun engem Policebus gerammt ginn, dee mat héijer Vitesse och d’Poursuite opgeholl hat. Datt d’Beamten am klenge Bus eréischt esou spéit op der Plaz waren, läit RTL-Informatiounen no dorunner, datt si virdrun nach an der Uertschaft Wäiswampech nom Flüchtege gesicht hunn.

En trageschen Accident, bei deem et nach eng Partie Onkloerheete ginn, wéi et dozou konnt kommen. An och nach eng Fro steet bis haut am Raum: Wien dréit wéi vill Schold?

Besonnesch d’Responsabilitéit vum Chauffer, dee bei der Policekontroll d’Kéier gemaach huet a geflücht ass, gouf vill diskutéiert. Am Mäerz huet d’Chambre du Conseil vun der Cour d’Appell an der Stad awer finalement decidéiert, datt de Reproche vum onfräiwëllegen Doudschlag géint hien, fale gelooss gëtt. Säin Affekot, de Mâitre Daniel Baulisch, huet deemools dëst Urteel kommentéiert, andeems hie sot, datt een dëst vun Ufank u gesot hätt.

„… datt dat Accident net direkt an engem kausalen Zesummenhang steet, mat där Aktioun, déi geschitt ass, wou mäi Client d’Kéier gemaach huet. Dat hu mer direkt no de Faiten an iwwer déi ganz Instanz gesot. An dass dat, wat d’Chambre du Conseil vun der Cour d’Appell lo eent zu eent iwwerholl huet.“

Am Prozess dës Woch muss hie sech wéinst Fueren ënner Alkoholafloss veräntwerten a well hien den Uerder vun de Beamten net nokomm ass. Hie riskéiert eng Prisongsstrof vu bis zu 5 Joer.

Haaptugekloten ass awer de Polizist, deen an dat anert Policegefier gerannt war, an deem jo ee Polizist ëm d’Liewe koum an d’Bäifuererin schwéier blesséiert gouf. Hie muss sech wéinst onfräiwëllegem Doudschlag a Coups et blessures involontaires veräntwerten.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen