NATIONAL Um Lausduer Vu(m) Diana Hoffmann, Anne Wolff|Update: 04.07.2022
Um Méindeg war zu Dikrech um Geriicht den Optakt vum Prozess ëm en déidlechen Accident um Lausduer an der Nuecht vum 13. op de 14. Abrëll 2018.
Souwuel Experte wéi och Zeie sinn e Méindeg gehéiert ginn. Mat Temoignagë vun enger Expertin aus dem Staatslabo iwwert d’Verletzunge vum 39 Joer ale Polizist, deen nach op der Plaz verstuerwen ass, a senger Bäifuererin, déi schwéier blesséiert gouf, ass de Prozess ugaangen.
D’Rekonstruktioun, wéi et zu dësem trageschen Accident komm ass, hunn da weider Experten an Zeien opgezeechent. Nodeems e Chauffeur sech enger Policekontroll entzunn huet, andeems e sengem Bäifuerer no, wuel offensichtlech Stoppzeeche vun de Beamten ignoréiert huet, hunn d’Beamten d’Poursuite opgeholl. Dëst awer net all ze laang mat Bléckkontakt zum Chauffeur, dee sech duerch d’Bascht gemaach hat, well dee war mat iwwer 180 Stonnekilometer geflücht, an hat sech op engem Parking an enger Säitestrooss verstoppt.
D’Police huet trotzdeem weider mat héijer Vitess no dem Auto gesicht. Quasi zäitgläich wieren dobäi d’Policecamionnette an de Policeauto duerch de Rond-point gefuer, deen ee lénks, deen aner riets, ier den Auto d’Camionnette nees iwwerholl huet. Vitesse vu bal 200 Stonnekilometer respektiv 160 Stonnekilometer haten d’Gefierer zäitweis drop. „Et huet een den Androck, zwee Policeween hätten eng Course-poursuite ënner sech“, sou d’Aschätzung vum Riichter. D’Beamte mat der Camionnette hunn nach kuerz zu Wäiswampech nom Auto, dee geflücht war, gesicht. Déi aner Beamten haten iwwerdeems no der Uertschaft en Auto gestoppt, fir d’Leit ze froen, ob si iwwerholl gi wieren. No enger negativer Äntwert huet de Beamten hanner dem Steier abrupt d’Kéier geholl. Op tëscht 6 an 10 Stonnekilometer hätt hien d’Gefier beschleunegt, ier et säitlech vun der Policecamionnette gerammt ginn ass, déi deen Ament op der Plaz ukomm ass. Dat, laut Expert, mat enger Vitess vun 156 Kilometer an der Stonn. Beim Impakt hat d’Camionnette nach 130 Stonnekilometer um Tacho.
„Et goung vill ze séier“, sot ee jonke Polizist, deen deemools an der Camionnette als Stagiaire dobäi war, a sech d’Bee beim Accident gebrach huet. Senger Meenung no goufen zwee Feeler gemaach. Eemol net an de Réckspigel gekuckt, an et wier een ze séier ënnerwee gewiescht, fir en alkoholiséierte Chauffeur ze fannen. Hien hätt d’blo Luuchte vum Gefier virdrun awer schonn op e puer 100 Meter gesinn. Um Funk wier awer och ze héiere gewiescht: „Et war en net“. Et wier duerchernee geschafft ginn, esou seng Aschätzung. Eng Aschätzung, déi den Enquêteur vun der IGP deelt. „Hei ass e Manque u Kommunikatioun gewiescht“ an „d’Thema gëtt net genuch behandelt“, esou seng Aussoen. Et géing nämlech keng Déngschtvirschrëft gi fir Course-Poursuitte bei der Police, just eng Broschür.
Doriwwer eraus war vun engem Expert vum Staatslabo gewuer ze ginn, datt de Chauffeur, dee vun der Policekontroll geflücht war, en approximativen Alkoholwäert vun 0,77 Gramm pro Liter am Blutt. hat. „Et war ze vill fir ze fueren“, sot säi Kolleeg a Bäifuerer, mee hien hätt net d’Gefill gehat, datt en net méi kéint fueren. Vum Accident tëscht de Policeween wieren si eréischt den nächsten Dag gewuer ginn. De Chauffeur wier sichtlech erliichtert gewiescht, wou d’Police bei him geschellt huet, sot de Kommissär en Chef. „Ech weess, firwat Dir hei sidd“, hätt en gesot a wier kooperativ gewiescht.
De Prozess geet en Donneschdeg weider. Weider Experten an Zeie wäerten do gehéiert ginn. Nach dräi weider Prozessdeeg sinn ageplangt.