SNPGL NEWSLETTER betreffend Pàrp a Chef (d’Unité, de service, de section, de département, etc)

Léif Membere vum SNPGL,

WICHTEGEN RAPPELL:
Haut den Owend ass d’Reunioun betreffend d’PARP’en, d’Cheffen an zukünfteg Cheffen zu Bartreng an der ARCA em 18.00.
Kommt all dohinner! Et ass wichteg fir Iech!

D’Säit vum Gouvernement setzt sech aus 2 Vertrieder vum Ministère de la Sécurité intérieure (MSI), engem Vertrieder vum Ministère de la Fonction publique (MFP), an 2 Vertrieder vun der Police grand-ducale (PGD) zesummen.

Well d’Vertrieder vun de Ministèren (MSI an MFP) den Duerchbléck an der PGD awer net hunn, schielt sech ëmmer méi eraus, dass d’Membere vun der Police d’Conciliatioun vun der Gouvernementssäit aus féieren. Och wann natierlech ëmmer verséchert gëtt, déi Memberen, wouvunner een och am Comité directeur (CODIR) vun der PGD sëtzt, net nëmme seng eege Meenung vertrëtt, stellt sech awer d’Fro, ob hei net de „Bock zum Gäertner“ gemaach gouf, well et weess ee jo, dass am Land vun de Blannen, dee mat engem A de Kinnek ass.

Eng éischt Lëscht mat dem CODIR senger Visioun fir d’Verdeelung vun de Pärp‘en, déi de Personalvertriedungen an Associationen an der Police am Fréijoer 2020 presentéiert gouf, huet d’Strooss net gehalen. Och di 2. Versioun, déi vum CODIR proposéiert gouf, war inakzeptabel. Dees waren sech d’Vertrieder vum SNPGL, der APPJ an der ADESP no der Videokonferenz zum Thema Pàrp mat eiser Generaldirektioun vum 14. Juli 2020 eens, sou dass d’Generaldirektioun keen Accord zu der neier opgestallter Lëscht vun eis alleguer kritt huet.

Obschonn di Conciliatioun, déi aktuell an der Pàrp-Problematik leeft, nach net ofgeschloss an tranchéiert ass, hunn d’Membere vun der Police, déi aus eiser Sicht d’Fiedem op der Gouvernementssäit zeien, den 9. Juni 2022 de Vull reegelrecht ofgeschoss. Den Dag ass sech mat dem Directeur des ressources humaines (DRH) an engem Webinar un „change ambassadors“ gewannt gi, fir hire Point de vue betreffend Pàrpen a Majoration d’échelon duer ze leeën. Mir hate vun dësem Webinar Wand kritt an hunn als Personalvertriedung eng Demande un den Directeur général (DG) gemaach fir deen och suivéieren ze kënnen.

Et war allerdéngs net den DG, deen eis eng Äntwert ginn huet, mee de Mann mat de Fiedem an der Hand, den DCSP, a mir wëllen Iech di kuerz a knackeg Äntwert hei net virenthalen:

„Den WebInar fënnt am Kader vum Reseau vun den Ambassadeuren statt. Dësen Reseau ass en internen Kommunikatiounsreseau vun Ambassadeuren wou d‘Präsens vun externen Acteuren net virgesinn ass.“

Mir sinn op déi Ofso natierlech nach bei eisem Minister intervenéiert, mee, sou wéi et ausgesäit gëtt och um MSI d‘Personalvertriedung leider als „externen Acteur“ betruecht, an den SNPGL huet keng gréng Luucht kritt, fir un dem Webinar deelzehuelen. Dee ganzen Echange mat dem MSI publizéiere mir an engem nächste SNPGL-Info.

De Grond schéngt eis méi wéi evident. Wéi mir anzwësche gewuer goufen, sinn di „Change Ambassadors“ do vum DCSP a vum DRH fërmlech „indoktrinéiert“ ginn. Anescht kann een di Propaganda, déi do bedriwwe gouf fir eng unilateral Vue, soi-disant vum Gouvernement, ze promouvéieren an ze zementéieren. D’Zil dovunner schéngt eis méi wéi kloer. Ee kontradiktoreschen Austausch vun de Standpunkten dierf net zougelooss ginn an dem deen d’Fiedem zitt seng Ideeë sollen iwwer di Change Ambassadors als Multiplicateuren am Corps verbreet ginn, warscheinlech fir den SNPGL als Stéierfaktor schlecht am Corps duer ze stellen.

Niewebäi bemierkt, dee faméise Webinar ass och gefilmt ginn, an et stellt sech d’Fro, wuerfir dee Video net transparent an éierlech dem ganze Corps zur Verfügung gestallt gëtt. Schliisslech ass et en Thema, wat jiddereen iwwer kuerz oder laang betrëfft an dofir wuel och interesséiert.

Léif Memberen, et ass net den SNPGL, deen an dësem Dossier kläglech versot huet, a fir Iech de gewerkschaftleche Standpunkt duerzeleeën hu mir beschloss eis Memberen a Kenntnis ze setzen, wat leeft.

Grad well an der Pàrp-Problematik mat eiser Generaldirektioun, déi natierlech permanent probéiert ze interpretéieren, wéi si Loscht huet, an hir Iwwerleeunge beim Policeminister duerch ze bréngen, op kee gréngen Zweig ze komme war, gouf vum Conseil d’administration beschloss, ee Litige virun der Commission de Conciliation anzereechen. A Gott sei Dank huet de Conseil dat esou gemaach, soss wieren all déi eeler Beamten, déi nach ëmmer ënnert den ale Regime falen, definitiv ganz schlecht ewech komm. Mir ginn de Verdacht net lass, dass dofir och esou laang gewaart ginn ass, fir eng Pàrp-Lëscht op ze stellen. Et gesäit de Moment nämlech sou aus, wéi wa jiddereen, dee bis a Pensioun ass, eidel ausgoe soll. Eis Generaldirektioun wollt warscheinlech nach waarden, bis déi eeler Beamten, wat zum gréissten Deel Cheffen an och Pàrpe sinn, am Joer 2023 an 2024 an d‘Pensioun ginn, fir hinnen hire Pàrp, souwéi déi dozougehéierend Majoration d’échelon net méi brauchen ze ginn.

Sou einfach, wéi verschidde Leit sech dat villäicht virstellen, ass et awer net, well wéi mir mëttlerweil wëssen, gëtt et ee gültegen Organigramme mat der Désignatioun vun de Pàrp’en, validéiert duerch en Arrêté vum 24. August 2018 vum Minister Schneider. Dofir hu mir vu gewerkschaftlecher Säit och d’Fuerderungen fir d‘Conciliatioun folgendermoosse formuléiert:

1) Déi Leit, déi laut dem bestoenden a gültegen Organigramme eng Majoration d’échelon ze gutt hunn, sollen déi mat der Pai vum Juni ausbezuelt kréien

2) Da sollen déi verluere Méint réckwierkend nobezuelt ginn, an dobäi sollen och déi Kolleeginnen a Kolleegen, déi eventuell säit dem 1. Januar 2020 schonn a Pensioun gaange sinn, nach an de Genoss dovu kommen

3) Jiddereen, dee lo schonn eng „responsabilité particulière“ assuméiert, soll eppes dofir kréien, a wann néideg réckwierkend

4) Dauerhaft Upassung vum Prozentsaz fir d’Pàrpen un d’Struktur vun der Police grand-ducale

5) Ausschaffe vun enger Iwwergangsphas bis zum Enn vun der Voie expresse 2028, fir déi bestoend Organisatioun un d’Besoinen unzepassen.

6) Opstellung vu konkreten, reellen a gerechte Krittäre fir d’Verdeelung vun de Pàrpen

7) Kengerlee „responsabilité particulière“ soll méi musse gedroe ginn, wann dat net adequat bezuelt gëtt.

 Bis elo ass vun der Regierungssäit op keng vun dëse Fuerderunge reagéiert ginn. Et gëtt op dem Standpunkt verharrt a suguer probéiert de Corps mat Hëllef vun den Change Ambassadors ze manipuléieren.

Den aktuellen Organigramme ass eis no laangem Streiden a mat der Hëllef vun der zoustänneger Riichterin am Mäerz 2022 endlech ausgehännegt ginn, bal 4 Joër nodeems en vum zoustännege Minister validéiert gouf. Deen Organigramme, gëtt lo awer vum DCSP duergestallt, wéi wann et kee wier. Komescherweis gëtt awer genau deen Organigramme, dee keen ass, benotzt, fir dass d’Leit aus dem A1 hir Majoration d’échelon bezuelt kenne kréien. Dat selwecht Recht gëtt awer de Leit aus dem B1, dem C1, an och dem C2 streideg gemaach a carrément verweigert.

Besonnesch d’Kolleegen aus dem C2, déi säit dem Oktober 2015 och en Urecht op 15 % Pàrp’en hätten, a vun deenen aktuell keen ee méi eng Majoration d’échelon bezuelt kritt, gi säit geschwënn 7 Joer sträflech benodeelegt a geschiedegt.

Déi Kolleege mam niddregste Gehalt an der Police sinn och bei der ominéiser Regulariséierung duerch d’Note de service 28/2022 rëm „quantité négligeable“, well keen ee Posten fir en C2 dorop ze fannen ass.

2015 an der Reforme vun der Fonction Publique sinn dunn d’Konditioune vum Pàrp geännert an un de Posten gekoppelt ginn, a just esou laang een op engem pàrpabele Posten sëtzt. De Grad P7bis ass ofgeschaaft ginn. D’Conciliatioun vun 2016 war kloer, dass déi Leit, déi esou e Pàrp an eng Majoration d’échelon nom ale Regime hunn, deen och behale bis zur Pensioun, wat eng Iwwergangsléisung war an nach ëmmer ass.

D‘Police huet elo d’Chance, datt an den nächsten 2 Joer praktesch all déi eeler Beamten wäerten an d’Pensioun goen, an dann déi nei méi jonk Cheffen e Pàrp kënnen kréien bis zu engem Prozentsaz vun 15%, wat laut Gesetz d’Limite ass, souwéi och déi doru gekoppelt Majoration d’échelon bis zu 15%.

Mir als SNPGL hätten an Zukunft gären eng gerecht Léisung, d.h. dass just nach Pàrpen ausgeschriwwe ginn déi dann och DIREKT mat enger Majoration d’échelon bezuelt ginn. Dofir ass fir eis de Pàrp de Chef an de Chef de Pàrp. Et gëtt am Gesetz näischt anescht. En haitege Chef, dee vum Generaldirekter an d’Liewen geruff gouf, ass näischt wäert, esou d’Ausso vun deem deen d’Fiedem zitt an der Commission de Conciliation. Do muss den SNPGL deem natierlech zoustëmmen, well den CGPO de Pàrp mat enger Ausbezuelung just kann duerchféieren, wa si (CGPO) en Arrêté vum Ressortminister virleien hunn. An mir denken net, dass eis Memberen, déi an de leschte Joren e Cheffeposten ugeholl hunn, sou een Arrêté vum Minister kritt hunn. Si kënnen och keen esou en Arrêté kritt hunn, well déi 15% vun eelere Beamte besat sinn.

Fir all déi betraffe Persounen, déi e Pàrp hunn laut Arrêté vum Minister, souwéi sämtlech Leit, déi an de leschte Jore Chef genannt goufen vum DG a keen Arrêté vum Minister hunn, maachen mir den Dënschden, 05.07.2022, um 18:00 Auer, eng Infoversammlung an der ARCA zu Bartreng.

Mir wären frou, wa vill betraffe Memberen géifen dohinner kommen. Et ass wichteg fir déi Beamten, déi elo gläich an Pensioun ginn, awer virun Allem fir d’Zukunft vun de Pàrpen.

Mir géifen Iech roden KENG Demande fir an d‘Pensioun ze maachen, iert mir Iech an eiser Versammlung vum 05.07.2022 verschidde Saachen erkläert hunn.

Merci !

De Conseil d’administration vum SNPG

Hei e Link zum Artikel „Pseudomassnahme mit viel Rechtsunsichterheit“

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen