Fro iwwer Responsabilitéit vum Strofgeriicht bleift ze klären

National- Dag vum Lausduer-Prozess Vu(m) Diana Hoffmann (Radio), Céline Spithoven (Télé)|Update: 11.07.2022 19:05

Am Prozess ëm den déidlechen Accident um Lausduer am Abrëll 2018 wäerten d’Riichter den 27. Oktober hir Decisioune matdeelen.

D’Fro, ob d’Strofgeriicht vun Dikrech iwwerhaapt kompetent ass, fir iwwert den ugeklote Chauffeur, deen d’Kéier virun der Policekontroll gemaach huet, ze tranchéieren, wäert da musse gekläert sinn.

De Procureur hat schrëftlech zu dëser Fro Stellung geholl an erkläert, datt hien zu der Conclusioun kënnt, datt d’Strofgeriicht responsabel bleift. Den Affekot vum ugeklote Chauffeur, de Maître Daniel Baulisch gesäit dat awer anescht, ëmmerhi wiere sengem Mandant just nach Verstéiss virzegeheien, a keen Delikt méi. All d’Faiten hätte scho vun Ufank un um Dësch geleeën a wann net a leschter Minutt opgefall wier, datt säi Mandant deen Ament méi Kilo op d’Wo bruecht huet an den Alkoholtaux doduerch op 0,57 Promill no ënne revidéiert gi wier, wier et zu engem „Erreur de justice“ komm. De Fall vu sengem Client misst dofir eigentlech virun engem Policegeriicht verhandelt ginn, mä dofir wieren d’Verstéiss antëscht verjäert.

Wéi d’lescht Woch festgehale ginn ass, fuerdert de Parquet eng Suspensioun vum Prononcé géint den ugeklote Polizist. Dat heescht, et géing iwwert seng Responsabilitéit tranchéiert ginn, mee keng Strof gesprach. Géint den ugeklote Chauffeur gëtt dann eng Geldstrof vun 1.000 Euro an 2 Joer Fuerverbuet gefuerdert. Ob mat oder ouni Sursis gouf net präziséiert.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen