Vu(m) Diana Hoffmann|Update: 19.07.2022 19:41Play Video
De Grénge Policeminister Henri Kox huet en Dënschdeg de Mëtten de Projet de Loi iwwert d’Bodycame presentéiert, deen zanter e Freiden um Instanzewee ass.
All uniforméierte Polizist soll an Zukunft eng Bodycam kréien, dat gouf am Projet de Loi festgehalen, deen e Freideg op den Instanzewee geschéckt ginn ass. Op enger Pressekonferenz en Dënschdeg huet de Grénge Policeminister Henri Kox Detailer iwwert d’Notzung vun de Kierper-Kamerae presentéiert.
Am Ausland huet een eng positiv Experienz mat dem Asaz vu Kierper-Kamerae gemaach. Dacks géing d’Filme vun enger Situatioun duerch d’Beamten deseskaléierend wierken. Aus dësem Grond gouf decidéiert, och hei am Land d’Kameraen direkt generaliséiert anzesëtzen, ënnersträicht Policeminister Henri Kox.
„Et ass haaptsächlech fir d’Police administrative geduecht. Dat heescht, déi uniforméiert Police, déi se um Terrain selwer hunn. Sief dëst bei Manifestatiounen, wa se als Patrull ënnerwee sinn, mee och am Lieu fermé, wa se bei haislecher Gewalt geruff ginn.„
Ëmmer, wa Gefor géing fir d’Beamte bestoen, soll d’Kamera ageschalt ginn. Den Alain Engelhart, dee bei der Police fir d’Aféierung vun den Kierper-Kamerae responsabel ass, erkläert, wéi dës solle funktionéieren.
„Dir musst Iech dat esou virstellen, datt déi Kamera déi ganzen Zäite leeft, Biller ophëlt, awer stänneg iwwerschreift. Dat heescht all 30 Sekonnen ass dat, wat opgeholl ginn ass, iwwerschriwwen, soulaang wéi net den Enregistrement vun der Kamera declenchéiert gouf.„
Wann eng Saach enregistréiert gouf, déi keng Suitten huet, gëtt d’Videomaterial automatesch no 28 Deeg geläscht. Virdrun ass eng Manipulatioun vun dësem net méiglech. Generell stellt sech awer d’Fro, wien Accès op dës Daten huet, déi op engem Server gespäichert ginn.
„Wann de Beamten e Protekoll muss schreiwen, dann huet hien d’Recht, déi Biller, déi seng Kamera opgeholl huet, ze consultéieren. Dat kann him eng Hëllef sinn, fir säi Protokoll ze schreiwen. E kann awer och do Sequenzen erauskopéieren, fir méiglecherweis dem Untersuchungsriichter mat weiderzeginn.“
Et kéinten awer och aner Polizisten Accès op d’Videomaterial kréien, wa si eng Autorisatioun vum Generaldirekter vun der Police hunn. Detailer iwwer de Model vun de Kameraen, ob se och kënne vum selwen ausgeléist ginn, wann de Beamten eng Waff zitt, oder wéi genee d’Formatioun vun de Beamten ausgesäit, konnten nach net virgeluecht ginn. Virun der Ëmsetzungsphas misst den Text fir d’éischt emol nach gestëmmt ginn.
D’Bodycamme wieren e wichtegen Outil an et ass ee frou doriwwer, datt se sollen zu der Uniform vun de Poliziste gehéieren, seet de President vun der Policegewerkschaft SNPGL, de Pascal Riquier. Net frou doriwwer ass hien awer, datt d’Gewerkschaft en Dënschdeg eréischt dës Annonce vun der Press huet misse gewuer ginn. An den Avant Projet de Loi wier d’SNPGL nach agebonne gewiescht, an de Projet de Loi awer net méi. E Punkt, dee senger Meenung no zu dësem Ament nach net kloer genuch ass, ass dee vun der Formatioun fir den Asaz vun de Kierper-Kameraen.
„Fir eis ass et wichteg, datt de Polizist, ier en esou eng Bodycam ka betätegen, fir d’éischt muss eng Formatioun kréien. Souwuel an der Theorie wéi och an der Praxis, an am taktesche Beräich. Stresssituatioune mussen an Exercicë gespillt ginn, datt d’Beamten drun denken, d’Kamera unzemaachen. An datt se wëssen, wéini se dës sollen umaachen.„
Net fir de richtege Wee hält de Pascal Riquier, datt et den Direkter vun der Police ass, dee säin Accord muss ginn, fir datt Poliziste kënnen Asiicht a bestëmmt Bildmaterial kréien. Beim Avant Projet de Loi hat d’SNPGL en Avis geschriwwen, wou gefuerdert gi war, datt sollen d’Autorités judicaires Accès op d’Bildmaterial kréien. An dat just a judiciaire Prozeduren.

© Didier Weber (RTL)
Offiziellt Schreiwes
Échange entre Henri Kox et des représentants de la Commission consultative des droits de l’Homme (18.07.2022) |
Communiqué par : ministère de la Sécurité intérieure |
En date du 18 juillet 2022, Henri Kox, ministre de la Sécurité intérieure, a rencontré des représentants de la Commission consultative des droits de l’Homme (CCDH), afin d’échanger sur plusieurs projets en cours, notamment la loi sur la garantie d’accès.Le ministre a souligné l’importance de l’action préventive, plutôt que la mise en œuvre de mesures répressives. La CCDH a salué les efforts du ministère de renforcer la collaboration entre les autorités étatiques et locales, rappelant que la police ne peut pas agir seule. L’importance des acteurs sociaux dans la prise en charge de personnes vulnérables a été mise en avant.Autre point abordé fut la réforme du cadre juridique de la protection de la jeunesse du ministère de la Justice, dont la mise en œuvre concerne le travail quotidien de la police grand-ducale.Aussi bien la CCDH que le ministre ont exprimé leur conviction que seul un dialogue ouvert et constructif peut aboutir à des solutions satisfaisantes pour toutes les parties et tous deux resteront en contact pour discuter des avancées des diverses mesures et projets de lois présentés par le ministre, dont le projet de loi sur les caméras-piétons et les diverses mesures du Paquet «problématique de la criminalité liée aux stupéfiants», élaboré par le ministère de la Sécurité intérieure en collaboration avec quatre autres ministères. |