D’Police huet en Dënschdeg déi 3. Rekrutéierungswell lancéiert – eng Campagne mam Titel: „Well si dech brauchen, brauche MIR dech!“
De Slogan ass en Appell un d’Responsabilitéit vum Polizist vis-à-vis vun der Gesellschaft. Vun nächster Woch u kann ee seng Kandidatur fir déi 3. Rekrutementsperiod areechen.
Polizist ass en Job mat Perspektiven – en Job deen, an dat weisen de Prozess am Dossier Bouneweg, an d’Aussoe vun der Policegewerkschaft vun e Méindeg, keen einfachen ass. Déi éischt 200 sinn ewell am Stage um Terrain a si Mëtt nächst Joer fäerdeg. Déi aus der 2. Rekrutementswell sëtzen an der Bänk a kämpfe bis elo emol nach mat der Theorie, an den 3. Lot fänkt 2023 u mat der Formatioun, an déi Interesséiert solle sech vun nächster Woch u bei der Police mellen.
Wann een d’Aussoe vum President vun der Policegewerkschaft vun e Méindeg den Owend héieren huet, kéint een emol zweiwelen, well d’Urteeler vu Bouneweg a Lausduer wäerte villes un der Policeaarbecht an an der Ausbildung änneren. Hoffentlech kucken d’Polizisten net ewech, bei brenzelege Situatiounen, well se musse fäerten, viru Geriicht ze kommen a verurteelt ze ginn, monéiert de Pascal Ricquier, President vun der Policegewerkschaft. https://www.youtube.com/embed/i5zQ7pM6VBw
Den Direkter vun der Policeschoul wëllt déi jonk Leit optimal forméieren. Natierlech wier et e geféierleche beruff. Een dee sech domadder net ausernee setzt, kritt e schwéier bei der Police, sou den Alain Engelhardt.
De Parquet, deen 30 Joer Prisong freet, well e Polizist op ee geschoss huet… Wéi reagéiert een a wéi enger Situatioun?? Dat soll d’Formatioun de jonke Poliziste bäibruecht hunn, wa se op den Terrain kommen, seet de Minister, dee virun 2 Joer schonn eng Etüd bei der IPG an Optrag ginn huet. Dass d’Regierung de Méi u Polizisten endlech ënnerstëtzt huet, dass um Enn Netto 600 Poliziste méi um Terrain sinn, dem Henri Kox no en absolutte Succès…dass d’Policegewerkschaft e Méindeg aner Téin séngt, reegt de Minister weider net op. Deen Hëllefsruff wier nämlech scho laang ukomm, och hie géif sech d’Situatioun um Terrain ukucken, et géif ganz seriö geholl, mee dee gesellschaftleche Phenomeen dierft a kéint net d’Police eleng ugoen, fënnt de Policeminister.
D’Kriminalitéit bekämpfen – jo, dat wier d’DNA vun der Police, dee gesellschaftleche Phenomeen misst een awer zesumme léisen. Zesumme mat deene 600 neie Polizisten… dat dauert nach eng Rei Joren.
