Vu(m) Pit Everling, Anne Wolff|Update: 27.10.2022 09:41

En Donneschdeg de Moie gouf um Dikrecher Geriicht d’Urteel am Prozess ronderëm den déidlechen Accident zu Lausduer gesprach.
De Mann, deen am Abrëll 2018 bei der Policekontroll fortgerannt ass, krut eng Geldstrof an e Fuerverbuet. Hie war wéinst Alkohol um Steier a wéinst Refus d’obtempérer ugeklot, dat well hien deemools net stoe bliwwen ass. Hie muss 1.000 Euro Strof bezuelen a kritt e Fuerverbuet vun 18 Méint. Den Automobilist muss och d’Geriichtsfraisen an Héicht vu 5.000 Euro iwwerhuelen.
De Polizist iwwerdeens gouf an alle Punkte fräigesprach. De Beamten, dee bei Lausduer an en anere Policeauto gerannt ass, war wéinst Homicide involontaire ugeklot.
Am Abrëll 2018 waren zwee Policeween kollidéiert. Ee Polizist war direkt dout, seng Bäifuererin gouf schwéier blesséiert. Déi zwee Policeween waren iwwer d’N7 dem genannten Automobilist nogerannt, dee bei der Policekontroll net stoe bliwwe war.