Policegewerkschaft wëll nach net op Urteel géint fréiere Polizist reagéieren

NATIONAL- Prozess ëm déidlech Schëss zu Bouneweg

RTL|Update: 24.11.2022 10:15

RTL

D’Defense vum Ugekloten hat nom Urteel ugekënnegt, wuel wëllen an Appell ze goen. An deem Fall missten d’Riichter dann nach eng kéier tranchéieren.

D’Policegewerkschaft SNPGL wëll nach keng Stellung huelen zum Urteel géint e fréiere Polizist, deen e Mëttwoch virum Stater Geriicht zu 5 Joer Prisong mat 3 Joer Sursis wéinst Doudschlag verurteelt gouf. De fréiere Beamte muss ausserdeem eng 21.000 Euro Dedommagement un d’Fra vum Verstuerwene bezuelen.

Et wéilt een elo kee beaflossen, sou de President vun der Gewerkschaft de Pascal Riquier. Op der Generalversammlung vun der SNPGL am Oktober hat hie gesot, dass d’Urteel géing doriwwer entscheeden, wéi Policeaarbecht an Zukunft géing ausgesinn.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen