Polizist wéinst Doudschlag zu 5 Joer Prisong mat 3 op Sursis verurteelt

NATIONAL – Déidlech Schëss zu Bouneweg

RTL|Update: 24.11.2022 10:09

Nieft der Prisongsstrof vu 5 Joer mat 3 dovunner op Sursis muss de fréiere Polizist ronn 21.000 Euro Dedommagement fir d’Fra vum Verstuerwene bezuelen.

Dass d’Urteel trotz Doudschlag vergläichsweis niddreg ausgefall ass, läit dorun, dass d’Provocation vum Polizist duerch de flüchtege Chauffer als „circonstances atténuantes“ zeréckgehalen goufen. D’Noutwier gouf dogéint net zeréckbehalen.

Am Abrëll 2018 hat e jonke Polizist en Automobilist erschoss, wéi dee virun enger Policekontroll fortgefuer war. Den deemools 22 Joer ale Beamten hat duerno behaapt, hien hätt aus Noutwier geschoss. Den alkoholiséierte Chauffer hätt hien iwwerrenne wëllen an hien hätt net méi kënnen op d’Säit sprangen. Un där Versioun gouf et ëmmer nees Zweiwel: E psychiatresche Rapport huet nogewisen, dass de Beschëllegten Ex-Polizist sadistesch Tendenzen hätt. Kolleegen hunn him eng „Law and Order“-Mentalitéit attestéiert.

De Parquet hat dann och 30 Joer Prisong wéinst Doudschlag gefuerdert, mam Argument, de Mann hätt nëmmen op eng Geleeënheet gewaart, seng Waff ze benotzen. Fir den Ugeklote hat ënner anerem geschwat, datt et sech bei der Fro, wéi e Beamten an esou enger Situatioun reagéiere sollt, ëm eng komplizéiert Matière handele géif.

D’Defense hat op Fräisproch wéinst Noutwier plädéiert. Et wier d’Liewe vu sengem Mandant oder deem Anere säint gewiescht, sou den Affekot. An et wier d’Recht vum Ugekloten, dat ze denken. Et géing ee sech deemno iwwerleeën, an Appell ze goen, esou de Maitre Penning.

Links

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen