De Renforcement bei der Police an d’Auswierkungen op d’Formatioun

National- Policeausbildung Vu(m) Anouk Siebenaler|Update: 15.12.2022 09:49

2019 gouf e Renforcement vu 600 Polizisten decidéiert, déi elo an dräi Wellen à 200 rekrutéiert goufen. D’Formatioun huet doduerch missten ugepasst ginn.

Wou an de Jore virdrun tëscht 40 an 80 Policeschüler ugefaangen hunn, waren et an de leschten dräi Joer jeeweils 200. Domat war séier kloer, dass déi al Policeschoul um Verluerekascht net méi grouss genuch wär. Ma och dat neit Schoulgebai um Findel wär net grouss genuch gewiescht, fir beim ale System vun zwee Joer an der Policeschoul ze bleiwen. D’Kueren an der Policeschoul sinn elo just nach am éischte Joer, dat zweet Joer sinn d’Stagiairen um Terrain. Fir dass d’Kueren all an dat éischt Joer passen, hunn d’Formatiounsstonne vun 1.700 op 1.350 missten erofgesat ginn, wéi de Christian Gatti, Directeur de Formation erkläert. „Verschiddener sinn zesummegestaucht ginn (…), anerer si ganz ewechgefall. Dat sinn awer exklusiv Matièren déi net polizeirelevant sinn, zum Beispill d’Sproochekueren hu mer ewech gelooss, d’Schwammkueren hu mer ewech gelooss wat mat 200 Schüler och schwiereg gi wier, well mir hu keng eege Schwemm als Police.“

Am zweete Joer steet déi sougenannten „Initiation Pratique“ um Programm. Hei mussen d’Policeschüler dräi Stagen a jeeweils véier Méint absolvéieren. Stagë waren zwar och virun der Reform schonn Deel vun der Ausbildung, do waren et awer just 12 Woche Stage d’Observation. Ma mat der Reform vun der Ausbildung leeën d’Stagiairen elo nom Bestoe vun den Examen an der Policeschoul e speziellen Eed of. Domat kréie si d’Kompetenze fir ënner Opsiicht vum Tuteur um Terrain matzeschaffen.

Dass de Policeschüler elo scho wärend sengem Stage ee Joer laang um Terrain ass, soll et him erlabe mat enger ganz anerer Erfarung an d’Beruffsliewen eranzeklammen, wéi d’Lynn B., déi dëst Joer als eng vun 182 Policeschüler respektiv Policeschülerinnen hire Stage ugefaangen huet, erkläert. „Also kloer hues de Fächer an der Schoul, déi dech op den Ëmgang mat de Leit virbereeden, mä an der Praxis ass dat ëmmer nach eppes aneres. Do hues de keng Theorie, déi do honnert Prozent drop passt.“

Den Ëmgang mam Bierger ass am Beruff vum Polizist zentral. Dofir gëtt schonn am Rekrutement nieft Allgemengbildungs-, Sproochen- a Sportstester och mat psychologeschen Tester geschafft, wéi de Bob Zovilé, Directeur adjoint vun de Ressources humaines erkläert. „Déi psychologesch Tester erlaben et, zesumme mat der Biografie a mam Entretien, eng beschtméiglech Aschätzung vun der Eegnung zum Beruff ze maachen. Psychologesch Tester hëllefen och festzestellen, ob gewësse Fäegkeeten, déi fir de Beruff relevant sinn, och beim Kandidat do sinn oder net, zum Beispill Sozialkompetenzen. Anerersäits hëllefe se och, Kandidaten ze ecartéieren, déi fir de Beruff net sou gëeegent sinn, well verschidde Kompetenze bei hinnen net sou vorhande sinn.“

Och Kandidaten déi keen neutraalt Optrieden hätten, also zum Beispill duerch Tätowéierungen, déi eng politesch oder reliéis Zougehéiregkeet weisen, géifen ausgeschloss.

Source RTL.lu

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen