Bodycams an der Police

27/04/2023

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

Hei hannendrun fann dir en Mail un den Här Minister fir bannenzegt Sécherheet, de Generaldirekter vun der Police, souwéi säin Adjoint a Saache Bodycams an der Police.

Gudde Moien Dir Hären,

no der Assemblée générale ordinaire vum SNPGL, ee Méindech, de 24. Abrëll 2023, ass an der Press ënner Anerem iwwer d’Thema vun de Bodycams an der Police rapportéiert ginn. Well déi Reportagen, am Verglach zum op der AGO verbreedte Message verschiddentlech stark gekierzt gooufen, well ech Iech den intégralen Text dovunn, hei hannendrun, op dësem Wee zoukomme lossen.

Den SNPGL bleiwt offen, fir di noutwendech Verbesserungen vum Projet ze diskutéieren.

BodyCams (BC) – MR

Kolleginnen a Kollegen,

Et ass kee Geheimnis, dass den SNPGL eigentlech Demandeur wor, fir d’Aféierung vun de BC an der Police, an den MSI hat am Virfeld vum Dépôt vum PL och en Avis zum Avant-projet bei de verschiddene Personalvertriedungen an Associaitionen gefrot. Ech menge kennen ze behapten, dass ee sech weitestgehend eens wor, dass déi BC haptsächlech als Outil am Intérêt vun de Polizisten an der „manifestation de la vérité“ geduecht wor.

No den Avis’en vum Staatsrot, der CNPD, an der CCDH, an den doropshin virzehuelenden Amendementer riskéiert den Text awer an eng Richtung ze goën, déi enger Personalvertriedung net léif ka sinn. Déi Amendementer si seit leschtem Freidech um Site vun der Chamber disponibel. Dir musst wëssen, dass de Projet de loi den Dag virdrunn nach Thema an der Chamberkommissioun wor. Déi Bedenken, déi ech iech haut matdeelen, hate mir am Virfeld och dem honorabelen Deputéierten Léon Gloden zoukomme geloss, an hien huet sech trotz dem kuerzen Délai bereet gewisen, dat an der Chamberkommissioun zur Sproch ze brengen. Här Gloden, op dëser Platz nach eng Kéier ee grousse Merci fir Ären Asatz an dem Dossier, och wann en bis elo net wirkelch eppes bruecht huet.

D‘Informatiounen, déi een aus den Amendementer kritt huet, lossen een unhuelen, dass de Projet aus verschiddene Grënn an eng Richtung geet, déi weder am Intérêt vun de Polizisten, nach an dem vun der Justiz, an um Enn och net an dem vun de Bierger dierft sinn.

Fir d’Benotzungvun der BC gëtt lo en Ënnerscheed gemach zwëschen dem „espace public“ an dem „espace privé“. Wa sou eng Distinctioun aus dem Schutz vun de Perséinlechkeetsrechter durchaus verständlech erschengt, dann ass se aus der Sicht vun der Polizeitaktik éischter suboptimal. Effektiv muss d’Ausléise vun der BC fir d’Polizisten a kritesche Situatiounen zum Reflex ginn. Sou ee Reflex muss untrainéiert ginn, an et schengt lo scho sëcher, dass d’Beamten a Stresssituatiounen kaum fäheg sinn, zwëschen de Konditiounen am „espace public“ an deenen am „espace privé“ ze ënnerscheeden. Fir dass d’Polizisten net riskéieren, bei onzielege Gelegenheet falsch ze sinn, well si reflexarteg d’BC ausgeléist hunn, ouni awer vun de Konditiounen hier dozou berechtegt ze sinn, mussen iwwerall di selwecht Konditioune gëllen. Da wier et eiser Meenung no nach besser, déi Konditiounen am „espace public“ un déi mir restriktiv vum „espace privé“ unzepassen, wéi dass déi Konditiounen differéieren.

D’Konditiuonen wéi se lo am „espace privé » ugeduecht schengen, ginn och net duer. Den Hëllefruf referéiert op den Artikel 10 vum Policegesetz. Niewt den an dem Artikel viséierte Situatiounen misst et awer och méiglech sinn, d’BC am Kader vun den Artikele 14 a 15 vum Policegesetz kënnen ze benotzen. A béide Fäll kënnt et net selten am „espace privé“ zu kriteschen a muskléierten Interventiounen, wou et genau sou wichteg an noutwendeg ass, déi mat der BC kënnen ze dokumentéieren, wéi bei Interventiounen am Kader vum Artikel 10. Anescht wier et zum Beispill net erlabt, eng Interventioun bei enger Persoun déi suicidaire ass, am „espace privé“ ze dokumentéieren, well et weder ëm en Hëllefruf geet, nach em eng Violence domestique, oder nach ëm ee Vergehen oder Verbriechen.

Da ginn et nach Problemer bei de Bestëmmungen ronderem d’Consultatioun vun den Enregistrementer, an dat besonnesch am Kader vun judiciairen Dossier’en. Sou wéi den Text lo ausgeseit, misst een Aneren, wéi de Porteur vun der BC, eng schrëftlech motivéiert Demande un de Genaraldirekter vun der Police machen, fir Accès zu de Biller ze kréien.

Kolleginnen a Kollegen, Dir wësst et, mee d’Auteuren vun dem Projet de loi allem Uschein no net. Dat ignoréiert sämtlech Regelen vum Code de procédure pénale, an ass sou net vertriedbar. Effektiv ass all OPJ op Basis vum Artikel 31 vum CPP am Kader vun enger Procédure de flagrance gehalen, an dëst ouni irgnedwelch Uweisungen oder Ordonnanz vun engem UR, Beweiser, an alles wat der Wahrheitsfindung nëtzlech ass ze sëcheren, an ze beschlagnahmen. Huele mir als Beispill eng Interventioun wéinst Zodi an engem Bistro, oder engem Duerfbal, wou et duerno zu enger Rebellioun géint d’Beamte kënnt. Dobei ginn oft Polizisten, awer och aner Protagonisten blesséiert. Aktuell ass et sou, dass sou Rebelliounen vun enger anerer Unitéit zu Protokoll bruecht ginn, wéi déi vun den implizéierte Beamten. Et woren villeicht 2, villeicht awer och 4, oder 6 Beamten op der Platz, déi alleguer hir BC dobei haten an och domat opgeholl hunn. Fir et richteg ze machen, muss den OPJ, deen en charge vun der Affaire ass, all déi BC direkt saiséieren, fir net ze rsikéieren, dass op eemol eng verschwënnt, oder d’Biller net bannen dem Délai vun 28 Deeg vun der Kamera op de Server iwwerspillt, an dowéinst gelöscht ginn, oder eng Kamera villeicht beschiedegt gëtt asw. Den zoustännegen OPJ schreiwt also besser keng motivéiert Demande, mee éischter ee Procès-verbal de Saisie fir all BC, déi op der Platz wor, well hien aleng ass verantwortlech dofir, wann di néidech Beweiser um Enn net gesëchert gi sinn.

Eng Bemierkung an dem Sënn ass och an dem engen oder aneren Avis vun de Vertrieder vun den Autorités judiciaires ze liesen, zu gleichen Deeler och fir d’Beamten vun der Inspection générale, wa si mat enger Affaire chargéiert sinn.

Ofgesi vun deene virdru beschriwwene Situatiounen, ass all Beamten, dee mat enger Affaire chargéiert ass, wou seng eegen BC Opzeechnungen gemach huet, quasi gezwongen all d’Enregistrementer ze consultéieren, a fir d’Rédactioun vum PV akribesch ze analyséieren. Well op den Enregistermenter vu senger BC villeicht net alles sou däitlech ze gesinn ass, mussen och nach d’Enregistrementer vun anere Polizisten hire BC analyséiert ginn, fir net ze riskéieren eppes am PV festzehalen, wat ee villeicht sou an Erennerung hat, op dem engen oder aneren Enregistrement awer villeicht ee bessi anescht schengt. Do geet et alt mol em kleng Détailler, déi fir d’Urteelsfannung duerno awer ganz wichteg kënne sinn. A fir d’Enregistrementer vun der BC vum Coéquipier, muss da mol fir t’éischt eng schrëftlech motivéiert Demande un de Generaldirekter gemach ginn, fir se dierfen ze consultéieren. Do schengen et Leit ze ginn, déi mengen, et hätt een als Polizist di beschten Zäit fir lënks a riets motivéiert Demanden ze schreiwen, an de Generaldirekter hätt och soss näischt ze doën, wéi sou Demanden ze traitéieren.

Kolleginnen a Kollegen, wann deen Text wirklech sou schlecht sollt an de Vote an der Chamber goën, wéi en sech lo zerëck beide Staatrot gescheckt gouf, an dann och nach vun der Majoritéit gestëmmt ginn, da roden ech eech lo schon, wann Dir eng Affaire hudd, beschlagnahmt de ganze Buttik, sou wéi den CPP dat virgeseit!

Mee, domat ass et dann nach ëmmer net gedoën. Dat alles gëtt ee riesegen Opwand, suwuel fir d’Polizisten, wéi och fir Beamte vun der Justiz, mee och d’Affekote vun der Verteidegung, déi alleguer wäerte mussen akribesch di Enregistrementer a Bild an Toun analyséieren. Den Opwand wärt méi wi wahrscheinlech eng beträchtlech Verzögerung vun de Prozeduren zur Konsequenz hunn.

Kolleginnen a Kollegen, ass dat Simplification oder éischter Complication administrative? Am Platz dass d’Polizisten den Job vereinfacht kréien, a méi um Terrain aktiv kéinte sinn, riskéiere si duerch sou en Text nach méi um Büro ugestrëckt ze sinn. Oder solle mir eis et einfach machen, an di saiséiert BC mat den Enregistrement drop einfach „brute“ un d’Autorités judiciaires weiderleeden, an da gëtt an d’PV’en vun der Police jhust nach op déi Enregistrementer verwisen? Déi wärte sech fréen, fir dat alles dierfen ze verschaffen. Mee si wëssen sech ze hëllefen, da gëtt et einfach un d’Police zerëck gescheckt „pour analyse et rapport“.

Ee weidere grousse Problème riskéiert duerch d’Finalitéit am Paragraph (2), ënner dem Punkt 2. ze entstoën: «  2° la constatation des infractions et la poursuite de leurs auteurs par la collecte de preuves. »

Duerch des Formuléierung besteet fir eis d’Gefor, dass d’Valeur probante vun de PV’en vun de Polizisten, qui font foi jusqu’à preuve du contraire, d‘Bach erof geet.

Huele mir di Affairen, déi ee Polizist selwer konstatéiert, haptsächlech all di Verkéiersgeschichten, wéi Vitessekontrollen, Falschparker, asw. wou sech bis elo op d’Ausso vum verbaliséierende Beamten verloss gi konnt. Gëtt et bei sou enger Selbstkonstatierung lo keng Enregistrementer vun der BC, obschon der hir Finalitéit « la constatation des infractions et la poursuite de leurs auteurs par la collecte de preuves » ass, dierft aller Wahrscheinlechkeet no d’Glaawwierdegkeet vum Beamten duerch den Affekot vun der Verteidegung a Fro gestallt. Nom Prinzip „in dubio pro reo“ wier et do verwonnerlech, wann ee Gericht an sou Situatiounen ee Beschëllegten freisprieche géif?

Well d’Polizisten di eenzeg Beamte beim Staat mat BC sinn, besteet dee Risiko och jhust fir Iech, net fir d’Beamten vun der Douane, oder d‘Agents minicipaux.

Sinn d’Polizisten dofir net gezwongen, all Kéier wann et zu sou enger Selbstkonstatierung kënnt, d’BC anzeschalten, fir dass der Finalitéit Rechnung gedroë gëtt?

Kolleginnen a Kollegen, den Text ass net gudd sou, a brengt, trotz allem gudde Wëllen, méi Nodeeler wéi Virdeeler. A mir wësse jo, wéi d’Politik funktionnéiert, et ass ze färten, dass de Projet lo kuerz virun de Wahlen „mordicus“ duerchgeboxt gëtt, well Gambia 2.0 en am Koalitiounsaccord stoën huet. Wann den Text net däitlech verbessert gëtt, wieren di knapp 6 Milliounen Euro, déi d‘BC der Fiche financière no iwwer di nächst 5 Joër kaschte wärten, besser anzwousch anescht investéiert.

Vum SNPGL haut an hei den däitleche Message un den Här Minister KOX, ënner sou Konditioune brauche mir keng Bodycam, an et soll keen higoën a behapten, mir wiere mat dem Text dee lo um Wee ass, averstanen!

Dir Dammen an Hären Deputéiert, Dir aleng sidd déi, wou et an der Hand hunn, en Text ze stëmmen, mat dem een eppes ufänke kann.

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen