SNPGL.LU

View this email online

Newsletter SNPGL zum Bréif ACSP

Léif Membere vum SNPGL,

Äre Syndikat ass d’lescht Woch vun der Association des cadres supérieurs vun der Police (ACSP) ugegraff ginn.

En Annexe fannt dier dee leschte Mail, déi d‘ACSP, also d’Vertriedung vun de „cadres supérieurs“ un hier Membere verschéckt huet, vun deenen der se duerno un Leit weidergescheckt hunn, déi eisem Syndikat schlecht gesënnt sinn.

Mir schécken Iech des Mail weider, fir eis Transparenz vis-à-vis vu jidder Member ze ënnersträichen.

Mir gi lo nach net ganz am Detail op dat hetzerescht Schreiwes vun der ACSP an.

Eis Generalversammlung vun HAUT den Owend Méindeg, 12.Mäerz 2018, 18:30 am Centre Culturel Prince Henri zu Walfer, wäert eis d’Geleeënheet gi fir eng ganz Rei Saache richteg ze stellen.

Dir sollt awer scho wëssen dass:

  • De Problem, wéi d’ACSP en beschreift, mat Sécherheet net mat der gréisster Personalvertriedung vun der Police, dem SNPGL ze dinn huet, mee mat der klengster Personalvertriedung an der Police, der ACSP.

Mir wëllen als Éischt, eppes ganz Wichteges kloerstellen. An de Statute vun der CGFP steet däitlech dran, dass keng Ënnerorganisatioun vun der CGFP enger anerer Ënnerorganisatioun vun der CGFP dierf draschwätze iwwer dat wat a Verhandlungen ausgeschafft gouf, fir se op dee Wee, no bausse schlecht ze maachen, ze diskreditéieren, oder ze schiedegen.

Statuts CGFP

Titre III. Droits et devoirs des membres

Article 9.

9.1 En s’affiliant, les membres individuels et les Organisations professionnelles affiliées s’engagent à agir dans l’intérêt général de la Confédération, à respecter et promouvoir l’objet social de la Confédération tel que défini à l’article 2 des presents statuts et à respecter les dispositions statutaires.

9.3. Elles s’engagent en outre réciproquement à ne pas s’ériger en juge des revendications des Organisations professionnelles affiliées, ni à attaquer leurs positions acquises.

 

An der Police Grand-Ducale ginn et 3 Personalvertriedungen, an net wéi d’ACSP mengt dat et der 6 géife ginn. Dat sinn als gréisst Personalvertriedung, den SNPGL, déi och en Agrément vum Minister huet betreffend Carrière vum Brigadier a vum Inspekter. Duerno kënnt de SPCPG, déi Zivil-Carrière vertrieden, an dann als Klengst, d’ACSP betreffend „cadres supérieurs“.

Eng APUC, APPJ oder ASPOL si keng Personalvertriedungen an scho guer keng Gewerkschaften, ganz am Géigendeel zu dem wéi eng ACSP dat behaapt.

  • Den SNPGL representéiert 93% vun de Carrièren déi Si vertrieden, an dat sinn eis Brigadier’en an eis Inspekteren. Mir hunn zu kengem Moment behaapt dass mir 93% vun der Beleegschaft vum Corps vertrieden. Eis Statute loossen et guer net zou, Zivilpersonal oder Cadres Supérieurs’en ze vertrieden. Et gesäit een gutt dass eis Manager vun der Police, de System vun enger „représentation du personnel“, guer net verstan hunn.

Et bleift ze erwänen dass, eng APPJ just en Service an der Police vertrëtt an sou ni kann Personalvertrieder ginn.

Als Personalvertriedung muss een eeganze „Sous-groupe“ vertrieden an dann och nach par Rapport zu anere Gewerkschaften, d’Majoritéit vertrieden fir Personalvertrieder ze ginn. Wat Membere vun SPJ an SREC’en ugeet hunn eng ganz Partie Polizisten eng duebel Memberschaft d.h. SNPGL an APPJ. Mir hunn eis d’Aarbecht gemaach fir eraus ze fannen wéi eng Leit eng duebel Memberschaft hunn, an hu festgestallt dass den SNPGL par Rapport zu enger APPJ, vill méi Memberen an deene Bereicher huet. Firwat ass dat esou? Ma well d’APPJ, d’Problemer vun hire Memberen net ugeet a net vertrëtt, mee se weider un den SNPGL verweist, déi dann déi Aarbecht soll iwwerhuelen. Natierlech mécht den SNPGL dat fir seng Memberen. Momentan huet den SNPGL nach eng Rei Dossier’en „en cours“ déi Membere vun SPJ an SREC’en betreffen. Dat seet jo alles iwwert eng APPJ aus, déi weder eng Gewerkschaft nach eng Personalvertriedung vun der Police Grand-Ducale ass. Wat ASPOL ugeet, huet et guer kee wäert eng Zeil driwwer ze schreiwen.

Der ACSP hiert Beispill vum B1:

Léif Membere, mir wäerten eis freeën dëse Punkt an eiser Generalversammlung ëffentlech kloer ze stellen an Iech ze beweisen dass et enger ACSP just drëms geet eis jonk Kollegen di eng 1ère oder 13ème hunn géint hiren Syndikat opzehetzen.

Mir wäre frou, eis Memberen déi concernéiert sinn, an eiser Generalversammlung ze begréissen, an hinnen d’Wourecht wat um Dësch lung ze presentéieren.

  • D’Realitéit vun den zukünftegen Affektatiounen vun de Brigadier’en, wäerten mir ebenfalls an eiser Generalversammlung kloerstellen, sou dass d’ganzt Land matkritt wat an der neier, besser opgestalltener Police Lëtzebuerg, sou vir sech geet. Da wäert ee schnell mierken, ween d’Wieder vum Generaldirekter verdréint huet. D’Behaaptung, dass den DG eis Brigadier’en als inkompetent soll duergestallt hunn, huet den SNPGL ni sou gesot. De President vun der ACSP ass mol net am Stand d’Newsletter vum SNPGL richteg ze liesen. Et war nämlech nach vill schlëmmer wat den Generaldirekter an der Reunioun mam Minister virun +- 30 Persounen déi vertrueden waren, vun sech ginn huet.

Den SNPGL huet och ni gefuerdert fir d’Ausbildung vun de Brigadier’en op zwee Joer ze verlängeren.

Alt erëm mierkt een, dass eis CS’en keen blasse Schimmer vu verschidde Carrièren hunn, an och net wëssen wat am „statut général vun der fonction publique“ drasteet.

Säit Joren kréien eis Brigadier’en, laut Gesetz eng „réduction de stage“ vun engem Joer, well si méi wie 36 Méint Militärdéngscht geleescht hunn. Dofir hu se säit Joren nëmmen 1 Joer Schoul amplaz vun 2 Joer.

Mat der neier Reforme vum Staatsbeamtestatut vum Oktober 2015 an och an der neier Reforme vun der Police Grand-Ducale gëtt de Stage vun 2 op 3 Joer verlängert.

Wat heescht dat konkret fir d’Brigadier’en?

Och an dësem Fall, steet eise Brigadier’en eng „réduction de stage“ vun engem Joer zou. Awer säit der Reforme vum „statut général“ vum Oktober 2015, sinn net nëmmen eis Brigadier’en betraff, mee och eis Inspekteren, déi méi wie 36 Méint, „service militaire“ absolvéiert hunn. d.h. haut schonn. Fir de Problemer, déi mir an der zukünfteger Police wärten doduerch kréien, huet den SNPGL scho weit an d’Zukunft gekuckt, an, an hirem AVIS zum Polizeigesetz proposéiert, fir d’Brigadier’en an d’Inspekteren déi 2 éischt Joer Theorie an der Policeschoul maachen ze loossen an hier „réduction de stage“ am 3ten Joer ze huelen, wou se hire praktesche Stage an der Unitéit géifen maachen. Firwat am 3ten Joer. Well dat déi logeschst Alternative ass, déi méiglech ass. An deenen 2 Joer Policeschoul hunn déi betraffen Stagiairen souwisou e puer Wochen prakteschen Stage an den Unitéiten an hu sou Theorie an Praxis gesinn.

Eis Generaldirektioun wëll eisen Brigadier’en net méi di voll Ausbildung ginn, fir se net méi brauchen op Unitéiten ze setzen (déi heuteg CI’en an CP’en), oder wéi se no der Polizeireforme wäerten heeschen, („Commissariat à 3 et à 2 roulements“). Wann eis Brigadier’en nämlech net déi komplett Ausbildung kréien, hu si logescher Weis och d’Kompetenzen net fir sech op sou Platzen ze mellen. Jiddereen weess jo dass „fiches de poste“ opgestallt goufen wou neierdéngs genau drasteet wéi eng Ausbildung resp. Kompetenzen e Polizist fir sämtlech Posten an der neier Police muss hunn. Dat ass natierlech ganz clever iwwerluet vun eiser Generaldirektioun.

An eiser monatlecher Entrevue SNPGL/DG haten mir eis DG drop ugeschwat, a si vertréischt ginn mat de Wieder:“ Macht Iech keng Gedanken, a sot de Brigadier’en dass si sech weiderhin kënnen op CI/CP’en sowéi op déi nei Commissariats de Police’en dierfen mellen.“ Des Ausso, léif Memberen aus der Carrière vun de Brigadier’en huet den SNPGL dann och sou u vill Leit vun Iech, déi eis gefrot haten, wat mat den Brigadier’en géif geschéien, weiderginn.

De Fakt, dass d’Brigadier’en 1 Joer an der Policeschoul wären fir den theoreteschen Deel an am 2. Joer den prakteschen Stage an der Unitéit géifen maachen, ass vun Ufank un vum SNPGL kritiséiert ginn. D’Fro un de Minister säitens dem SNPGL, firwat d’Brigadier’en just 1 Joer Theorie hätten, huet den DG.adj d’Wuert ergraff an energesch behaapt, dass Brigadier’en net méi wäerten déi ganz Ausbildung kréien, mee just nach en Deel dovun, vu que dass si jo net méi op Kommissariater gesat ginn. Dass Brigadier’en nach just fir Arrestantentransporter a Garden virgesinn wären.

Den SNPGL huet domat e grousse Problem, well de Syndikat de Brigadier’en onbewosst falsch Informatiounen ginn huet. Den SNPGL huet d’Informatiounen vun der monatlecher Entrevue SNPGL/DG sou weiderginn wéi den SNPGL se seitens der Generaldirektioun kritt hat. Eis Generaldirektioun huet domat derPersonalvertriedung, dem Syndikat National de la Police Grand-Ducale Luxembourg, reegelrecht d’Wouerecht net gesot fir de Ball flach ze halen.

Dat kënne mir sou als Personalvertriedung net méi dulden a wäerten déi néideg Schrëtter ënnerhuelen fir dat réckgängeg ze maachen. Wann et sou am Text stoe bleift, wäerten mir eise Brigadier’en zur Säit stoen, wa si e „changement d’administration“ bei d’Gemengen wëlle maachen. Den SNPGL wäert net zouloossen dass eis Brigadier’en op sou eng Manéier zeréckgestuft ginn.

  • ·         Zu der Attitüd vis-à-vis vun den CS’en, muss ee soen dass eis Cadres Supérieurs’en sech ëmmer méi Fräiheeten eraushuelen fir eis Memberen reegelrecht anzeschüchteren, fir hinnen ze weisen, ween de Chef ass. Den SNPGL huet als Missioun, sou Ongerechtegkeeten, ze analyséieren an dann ze denoncéieren, wat mir bis virun Kuerzem net gemaach hunn, bis op verschidde Fäll, déi mir un Generaldirektioun oder per Mail un déi betraffen Persounen geschéckt hunn. Well eis Cadres Supérieurs’en dat als „blären, indirekt Drohungen oder Arroganz“ ugesinn, huet de Conseil d’administration vum SNPGL beschloss, dass bei sou Feststellungen an Zukunft direkt eng „affaire disciplinaire“ ugefrot gëtt oder bei penalen Geschichten, de Parquet direkt a Kenntnis gesat gëtt. Den SNPGL huet es einfach genuch, all Kéier ze probéieren dat Ganzt um gudde Wee ze reegelen wat souwisou kee Wäert huet. Fir eis ass dëse Wee vill méi einfach a mat vill manner Aarbecht verbonnen.
  • ·         De Punkt vun der „indemnité d’habillement“, wäerte mir Iech an der Assembléé Générale méi detailléiert duerleeën. Dass mir an eisem Bréif un de Minister méi e strengen Toun opgeluecht hunn, weist dass et duer geet mat der Arroganz vun eisen CS’en an dass emmer erem Gesetzer oder Réglementer mëssuecht ginn.

Kleedergeld, léif Memberen, steet kloer am Gesetz verankert, dass de „chef d’administration“ bis spéitstens den 01. Abrëll vum selwechten Joer MUSS d’Lëscht vun der „indemnité d’habillement“ eragereecht hunn. D.h. an aneren Wieder, huet den Directeur Général nach genau 19 Deeg Zäit fir d’Lëscht vum 2018 eran ze reechen. Mir hunn de leschte Mount d’Kleedergeld vun 2017 ausbezuelt kritt. Dat ass 1 Joer ze spéit. Dat geet net.

De Polizisten déi eng laang Zäit krank gemellt waren, (sech z.B. eppes gebrach haten oder villäicht eng schwéier Krankheet wéi Kriibs hunn, asw.), d’Halschent vun der Indemnitéit ofzehalen, steet a kengem Gesetz an ass domat net Rechtens. Dass den DG adj. sech sollt an enger base légale eng Kéier geiert hunn, kënne mir sou net zouloossen. Den SNPGL huet et an der monatlecher Entrevue SNPGL/DG zur Sprooch bruecht an erklärt dass den DG adj. géint e Gesetz verstéisst an riskéiert „abus de pouvoir“ am Sënn vum Artikel 237 vum Code pénal ze machen. Den DG adj. wollt et einfach net agesinn an et awer duerchzéien, wëssend dass hien géint d’Gesetz géif verstoussen. Wär et direkt annuléiert ginn, hätt den SNPGL net bréichten un de Minister ze schreiwen. D’Arroganz vun der DG, war awer leider méi grouss, wéi e Geständnis virun engem SNPGL, e Feeler gemaach ze hunn. Affaire à suivre.

WICHTEG: Mir hunn net spéider wéi den Donneschden mussen héieren, dass déi Leit, déi am Laf vum Joer 2017 a d’Pensioun gaange sinn, mol guer keng Indemnité d’habillement kritt hunn. Mir géingen op dësem Wee all déi Leit bieden, sech bei ons ze mellen, déi hei am Fall sinn.

  • ·     Wat de leschte Punkt ugeet, huet den SNPGL effektiv zesumme mat der DKV gënschteg Konditiounen fir hier Memberen ausgehandelt.Dës Konditiounen waren nëmme méiglech duerch déi grouss Memberschaft vum SNPGL.Ee kollegiale Geste säitens dem SNPGL fir eng ACSP, ass mat Sécherheet net méiglech, wann een di viregt Punkten vun hirem Bréif liest.D’ACSP déi jo sou eng dichteg Personalvertriedung soll sinn, ka mat Sécherheet selwer gënschteg Konditiounen mat enger DKV aushandelen. An dësem Dossier steet den SNPGL zu senger Entscheedung.D’ACSP wëll eisen Syndikat destabiliséieren an eis Solidaritéit briechen. Dat loossen mir net zou.

SERREZ LES RANGS!

Mat gewerkschaftleche Gréiss

Äre Comité vum SNPGL

---------------------------------------------

Léif Memberen,

Wéi Dir all matkritt hutt, si mir an der waarmer Phase vun der Reform ukomm. Mir waarden all op den 2. Avis complémentaire vum Staatsrot, an sinn zouversiichtlech dass de Gesetzesprojet kann virum Mee dëst Joer gestëmmt ginn. Vill Entscheedungensinn also schonn geholl, genau souvill mussen der allerdéngs nach geholl ginn. D’Aarbecht déi des Reform mat sech bréngt ass nach laang net eriwwer, an d’Aarbechtsgruppen wäerten eis ëmmerhin nach di éischt Joren beschäftegen.

D’Reuniounen, op dat op Policeniveau oder um Niveau vum Ministère ass, si net ëmmer einfach. De gudden Toun feelt oft, wat mat sech bréngt, dass e konstruktiivt Zesummeschaffen ganz schwiereg ass. Dëst ass leider näischt Neies. Déi Leit vun Iech, di an de verschiddenen « Groupes de travail » matgeschafft hunn, wëssen dat.
Allerdéngs hu mir entretemps wat dëse Problem ubelaangt, e Seuil iwwerschratt, deen esou net méi akzeptabel ass. Aus dësem Grond, hunn mir eis als Comité vun der ACSP entschloss fir iech dëse Message ze schécken. Mir sinn der Meenung, dass Opklärung, di eenzeg Method ass fir dësem Problem entgéint ze trieden.

Konkret huet de Problem mat der gréisster Personalvertriedung vun der Police, dem SNPGL ze dinn. Eppes Wichteges awer direkt vir ewech: Dëse Message huet net als Ziel den SNPGL als solches a Fro ze stellen. Au contraire, mir als Comité vun der ACSP sinn der Meenung dass d’Police e staarken SNPGL brauch, deen d’Problemer an d’Interêt'en vun eise Polizistinnen a Polizisten kann vis-à-vis vun engem Minister oder enger Direction Générale vertrieden.

Eise Problem, huet vill méi domat ze dinn, wéi den SNPGL am Moment optrëtt. An dat souwuel vis-à-vis vun den aneren Associatiounen, wéi och vis- à-vis vun eise Memberen, der Direktioun oder och engem Minister. Natierlech soll et all Comité fräigestallt sinn, sech sou ze gin wéi e well, an grad wann een substantiell Revendicatiounen am Kader vun enger Reform huet, ass e bëssen méi en aggressiivt Optrieden als Personalvertriedung, heiansdo absolut noutwendeg. Dëst kennen mir jo och schonn vun engem SEW oder enger CGFP am Beräich vun der Educatioun respektiv der Fonction Publique. Den Ënnerscheed zu dësen Gewerkschaften, léit awer am Fong a virun allem an der Forme wéi si hir Revendicatiounen eriwwer bréngen. Wann, wéi an eisem Fal, no allReunioun um Ministère (an et goufen der vill) d’Memberen vun 5 aneren Personalvertriedungen vun der Police, Vertrieder vum Ministère, derDirektioun an derInspektioun guernet mol ze schwätzen, do setzen a sechgéigesäiteg ongleeweg ukucken, iwwer dat wat grad an der Reunioun geschitt ass, respektiv well et engem schonn bal penibel ass, wéi a wat do grad gejaut a gedroht ginn ass, dann hunn déi Situatiounen schonn bëssi eppes Surreales u sech. Ouni wëllen fir déi virdrun erwäänten Associatiounen mat ze schwätzen, ass d’ACSP sech awer sécher dass mir ons op dem do Punkt alleguer eens sinn. Wat dat generellt Zesummeschaffen mat deenen aneren Personalvertriedungen (SPCPG, APUC, APPJ, ASPOL) ubelaangt, sou ginn eis respektiv Positiounen och do des Öfteren auseneen. Mais et ass awer wéinstens méiglech sech am géigesäitegen Respekt, mateneen un en Dësch ze setzen.

Mir ginn Iech an den nofollegen Zeilen, verschidden Beispiller déi net méi ze toleréieren sinn.

Als aller éischt wëllen mir mat der Legend vun den 93 % opraumen. Bei all Geleeënheet, profitéiert de Comité vum SNPGL dovunner fir ze behaapten, dass si 93% vun der Beleegschaft vum Corps géifen representéieren. Fir d’lescht ass dëst an hirer Newsletter vum 5. Februar ze liesen. Wann nun awer mol an engem Corps vun 2100 Leit, 327 Zivilisten an 75 Cadres supérieurs schaffen, déi net Member am SNPGL sinn, dann mierkt een séier dass di

Rechnung do net stëmmt. Dobäi schwätzen mir mol guer net vun den Inspekteren a Brigadieren déi net méi Member beim SNPGL sinn, mais déi sech vun der APPJ, ASPOL oder och guer net vertrieden loossen. Un sech ass et eng Banalitéit, an trotzdeem sollt dëst mol eng Kéier gesot sinn. Dat Ganzt erënnert een schonn bal un d’Streidereien em d’Vereedegung vun engem gewëssenen Här virum Kapitol zu Washington. Sou wéi den SNPGL dëst am éischten Saatz vun senger Newsletter verlaangt, schécken mir Iech, also engem Deel vun deenen restlechen 7% vun der Police, am Attachement eng Kopie vun hirer Newsletter.

Och wann déi Geschicht mat den 93 % wéi gesot eng Banalitéit ass, sou gëtt se awer ganz kloer de Kär vum Problem zréck. Die “alternativ Fakten”, déi wëssentlech vum Comité vum SNPGL gestreet ginn. Et ass absolut normal, dass een als Personalvertriedung des Oefteren Positiounen vertrëtt, déi net mat enger Direction Générale oder engem Ministère op enger Linn sinn. Falls dat net de Fall wier, bréicht een och keng Personalvertriedungen méi. Wann een sech awer elo d’Wourecht iwwer d’Problemer ëmmer erëm esou zu Recht dréint, wéi een se grad brauch an domat bewosst a Kaf hëlt, Zwietracht tëscht deenen verschiddenen Karriären, an souguer tëscht deenen verschiddenen Servicer an der Police ze provozéieren, dann ass dat net méi an der Rei, an huet näischt méi mat engem gesonden Syndikalismus ze dinn. Wat mengen mir domat konkret?

Beispill B1: An hirer Newsletter vum 5. Februar 2018, wou de Comité vum SNPGL jo Äntwerten op eng Newsletter vun der Cellule vum 31. Januar 2018 gëtt, ass nozeliesen dass de Minister a verschiddenen Rieden versprach hätt, dass all Polizist deen en Ofschloss huet, kéint an d’Carrière B1 kommen.

Dat stëmmt.

Wann een awer elo, wéi den SNPGL a senger leschter Newsletter, indirekt behaapt dass de Minister net Wuert gehalen huet, well net all d’Beamten mat engem Ofschloss de B1 kréien, dann ass dat sech d’Saach bëssi einfach gemaach. Hei geet et net drëms de Minister Schneider a Schutz ze huelen, mais villméi dorëmmer fir iech de néidegen Background ze ginn, iwwer d’Entscheedungen déi geholl gi sinn. Et wär wahrscheinlech net grad fir se alleguer duer gaange, mais d’Alternativ fir d’B1’en prioritär un déi Leit ze ginn, déi en Diplôme hunn, lung um Dësch. Eng aner Méiglechkeet déi um Dësch lung, war déi fir d’B1’en ze splitten, an zwar hallef no Anciennetéit ze verginn, an hallef no Diplôme. Et war awer den SNPGL, deen dofir optéiert huet, fir d’B1’en integral, strikt no der Anciennetéit ze verginn, an dëst onofhängeg vun engem Diplôme.
Als ACSP steet et ons net zou, fir eis iwwer de Fong vun deser Entscheedung ze prononcéieren, schliisslech sinn et jo och net eis Memberen déi concernéiert sinn.

Jiddereen kann sech jo seng Meenung dozou selwer maachen. Fait ass awer, dass bei där vum SNPGL gewielter Optioun, all déi jonk Beamten, di eng 1ère oder 13ème hunn, am Moment iwwergaangen ginn. Der ACSP no, wär di eenzeg richteg a fair Léisung, déi och der Responsabilitéit vum Polizist an der haiteger Zäit gerecht gi wier, déi gewiescht, fir all Inspekter de B1 ze ginn, dëst gekoppelt mat der Aféierung vun engem Bac policier. Leider war op dem Punkt net mat der foncton publique ze schwätzen.

En aneren Problem deen net der Realitéit entspriechend duergestallt gëtt, ass di Saach mat der Affektatioun vun de Brigadiers. Wann een d’Newsletter vum SNPGL liest, kéint ee mengen dass den Directeur Général während der leschter Reunioun tëscht dem Ministère an de Personalvertriedungen gesot hätt, dass eis Brigadiers net di néideg Kompetenzen hätten fir dobaussen an CI’en oder an aneren Unitéiten di net UGRM/UCPA/UCPR/USP sinn, ze schaffen. Dem DG seng Wieder sou ze verdréien, an dëst elo sou ze behaapten bréngt onnéideg Zwietracht an eisen Corps. Wéi dir all wësst, war bei der leschter Reform d’Idee fir d’Kollegen aus der Brigadierscarrière ausschliisslech op d’Missiounen vun der Garde,
vum Gefaangenentransport respektiv UCPA ze setzen. Des Reegel gouf awer relativ séier gebrach well och an aneren Unitéiten Nout um Mann war. Sou hunn mir haut des Daags och Brigadiers déi op CI’en oder Srec’en asw... setzen, an do eng gutt Aarbecht maachen.

Allerdéngs gouf mat dëser Decisioun di ganz Karriärsstruktur op d’Kopp geheit, an et ass e Fait, dass d’Brigadiers doduerch op eemol op Platzen gesat goufen, fir déi si d’ Ausbildung an Diplomer net haten. Wéi dir wësst muss d’Police, duerch d’Ouverture vum neien Prisong, e massiven Effort beim Gefaangenentransport maachen. D’Reform soll nees eng gesond Carrièrestruktur hierstellen, an di nei Brigadiers sollen an enger éischter Phase op den UGRM, UCPR, UCPA oder op d’USP affektéiert ginn. Duerno, wäerten si d’Méiglechkeet och nach weiderhin hunn, fir sech hiren Wee duerch eng méi gezielten FOCO oder ee changement de carrière a Richtung vun aneren Servicer ze ebnen.

Fir d’Brigadiers déi aktuell schonn op aneren Unitéiten affektéiert sinn, werd sech näischt änneren.

Dëst misst dem SNPGL och schonn op mannst iwwer 2 Joer bekannt sinn, well et steet souwuel an engem CR vun engem Steering Comitee vun 2016 souwéi op den FAQ um “Change-net”. Fir elo iwwerrascht ze sinn, dass d’Brigadiers déi aktuell um UGRM sinn, sech an enger éischter Phase net méi op CI oder CP kënnen mellen, ass relativ schäinhelleg. Ze fuerderendass d’Ausbildung vum Brigadier op zwee Joer soll verlängert ginn, an hinnen dann domat direkt de Wee an aner Unitéiten sou wéi den C1’en a B1’en och, opzemaachen, ass eiser Meenung no keng gutt Idee.
Jiddereen, aus egal wéi enger Carrière, kéint dann also bëssi dat maachen op wat hien Loscht huet, gëtt awer fir di selwecht Aarbecht op 3 verschidden Aart a Weisen bezuelt. Dat gëtt bestëmmt eng gutt Stëmmung.

Eng aner Saach déi net méi ze toleréieren ass, ass d’Attitüd vis-à-vis vun eise Memberen. Wann een just nach bläert, Mailer schreift wou een de Leit indirekt droht, an bei all Geleeënheet arrogant optrëtt, dann kann een dat net méi gutt heeschen. E Beispill wéi onzourechnungsfäeg den SNPGL am Moment leider virgeet, ass de Bréif deen si punkto indemnité d’habillement un de Minister geschéckt hunn.
An dësem Bréif, deen en Kopie un hir Memberen geschéckt gouf, gëtt sech opgereegt, dass eng Rei Inspekteren d’indemnité d’habillement fir 2017 vun der DG hallef gestrach kruten.
Dobäi gouf sech laut dem SNPGL op eng falsch base légale baséiert. Laut hinnen, muss dee Problem och am Virfeld an engerReunioun mat der DG ugeschwat gi sinn. Et wär een allerdéngs do zu kengem zefriddestellenden Resultat komm. Dorops hin, muss den SNPGL dunn den virdrunerwäänten Bréif un den MSIgeschéckt hunn. AndësemBréifgëtt mat enger Arroganz déi hirer gläichen sicht, vun der Inkompetenz vun enger « ribambelle de hauts fonctionnaires » geschwat, déi DG géifen beroden. Weider, gëtt vun Nonchalance a culot sans pareil geschwat an et ginn disziplinaresch Moossnamen géint den DG-adj. gefuerdert...
Mir wëssen all, wéi eng DG oder e gréisseren Service an der Police funktionéiert. Ze soen, dass een Direkter just vun héijen Beamten beroden gëtt ass ganz einfach eng Ligen. All Direkter schafft enk mat senger Equipe zesummen, déi aus Polizisten an Zivilisten, aus denverschiddensten Carrièren besteet, déi all hiert Fachwëssen mat abréngen. D’Duerstellung, dass een Gruef tëscht Inspekteren an Cadre supérieurs, tëscht Zivilisten an Polizisten, besteet, arrangéiert vleit verschidden Stréimungen, mee entsprécht absolut net dem Fonctionnement vun enger DG oder soss enger Direktioun. Ween also mam Fanger op een Deel vun den Memberen vun sou engem Service weist, viséiert indirekt den ganzen Service. Et ass extrem schued, dass d’ausféierend Organ vun dergréisster Policegewerkschaft disziplinaresch Verfahren fuerdert, wann een Beamten sech eng Kéier bei enger Base legale iert. Dëst léist een perplex an mécht Angscht fir all eis Polizisten, déi am Alldag mat schwéieren Situatiounen konfrontéiert ginn.
Wann elo dat stëmmt, wat sech um Zaldotensender gezielt gët, an dovun ass um Stand vun haut ganz staark auszegoen, dann krut den SNPGL während der virdrun erwäänter Reunioun mat der DG, vun der DG ugebueden, fir den Dossier vum

concernéierten Beamten nach eemol pour reconsidération un d’DG eran ze schécken. An dem Fall, wär dee Bréif deen vum SNPGL un den MSI gaangen ass, eng eenzeg Expressegkeet fir net ze soen eng reng Béiswëllegkeet.

Mais wéi wann et domat awer nach ëmmer net géif duer goen, schéisst de Comité vum SNPGL am selwechten Dossier, den 21. Februar an enger Newsletter nach eemol no. Erëm eng Kéier gëtt den DG adj. ugegraff an et ginn disziplinaresch Moossnamen géint hien gefrot, well hien géint d’Gesetz verstouss hätt (???). An der selwechter Newsletter behaapt den SNPGL, hinnen wier zu Oueren komm, dass d’CS’en d’Kleedergeld den 16. Februar 2018 schonn ausbezuelt krit hätten, d’Inspekteren an d’Brigadiers awer nach net. Dat ass natierlech e Riesenskandal...an iwwregens schonn erëm en alternativen Fakt deen den SNPGL sech selwer zesummen gestréckt huet. Éischtens ginn et administrativ Grënn firwat dat esou ass, déi mir iech hei elo awer erspueren. Op alle Fall hunn déi näischt mat iergend engem Favoritismus ze dinn, sou wéi den SNPGL dëst jo trauregerweis probéiert z’insinuéieren.

Zweetens, kruten d’Brigadiers anescht wéi den SNPGL dëst behaapt, hiert d’Kleedergeld dee selwechten Datum wéi d’CS’en ausbezuelt.

Hei gëtt also schonn erëm schwaarz op wäiss gelunn, éischtens fir e Käil tëscht d’Carrièren ze dreiwen an zweetens fir Polemik ze maachen, en vue vun hirer Assemblée Générale.

Als lescht, wollten mir eis Memberen awer nach iwwert eppes informéieren, dat den éischten Moment wie eng Klengegkeet kann wierken, an awer weist wéi traureg d’Astellung vum aktuellen Comité vum SNPGL ass. Konkret geet em en Accord de coopération deen den SNPGL fir seng Memberen mat der DKV ofgeschloss huet, wat d’Zousazversécherung “easy health” ubelaangt. Effektiv, ass deen Accord eng super Saach an et kann een dem SNPGL nëmmen felicitéieren, dass si dat fir hir Memberen ausgehandelt hunn, well souwuel hir Memberen wéi och deenen hir Familljen, kënnen vun deenen relativ gënschtegen Konditiounen profitéieren. Wann dir DKV an SNPGL am Google antippt, dann kënnt dir den Detail vun de Konditiounen noliesen. Wéi bei all Assurancenkontrakt, werd och hei d’Assurance natierlech zu hirem kommen, mais vum Prinzip hier ass et eng gutt Offer. Nodeems een oder den aneren vun Iech eise Comité gefrot hat, op dëst net och eng gutt Idee fir d’ACSP wier, huet eise President dunn effektiv eng Kéier mëndlech beim President vum SNPGL nogefrot op net eng Méiglechkeet géif bestoen, fir dass di ronn 100 Memberen vun der ACSP och kéinten vun där Offer profitéieren. Dëst wär mat Sécherheet e kollegialen Geste gewiescht, tëscht Leit déi an der selwechter Verwaltung fir di nämmlecht Saach sollten kämpfen. Nodeems de President vum SNPGL des Demande dunn mat an de Comité geholl hat, fir driwwer z’entscheeden op jo oder op nee, ass dunn no e puer Wochen op Nofro vun der ACSP hin, di mëndlech Äntwert komm.

D’Memberen vum Comité vum SNPGL hätten ganz laang iwwer dee Punkt diskutéiert, mam Fazit dass si dat net wéilten. Op Nofro hin, wat dann hir Argumentatioun zu dem Nee wier, huet de President vum SNPGL gesot dass eben verschidden Leit bei hinnen am Comité eis dëst net wéilten zougestoen...!
Wann si sech elo wéinstens d’Méi gemaach hätten fir bei der DKV nozefroen, an et wier aus welchem Grond och ëmmer net gaange, dann wär dat mat Sécherheet eng Erklärung gewiescht déi een hätt kënnen akzeptéieren. Mais d’Erklärung di de President vum SNPGL ginn huet, war méi wéi enttäuschend.Dëst einfacht Beispill weist engem ganz kloer wou een mam gréissten Syndikat aus der Police drun ass.

Et war ëmmer eng Idee vun der ACSP, fir dass d’Police iergendeng Kéier géif iwwert eng Daachgewerkschaft verfügen, wou all d’Associatiounen an d’Syndikater sech geschlossen géifen staark maachen, fir di grouss Problemer mat deenen eis Beamten am Alldag ze kämpfen hunn, unzegoen. D’Gewalt géint d’Polizisten, de bac policier, deManktem u gesetzlechen Méiglechkeeten an essentiellen Domainer vun der Policeaarbecht, oder och d’Zesummenaarbecht ënnereneen oder mat aneren Autoritéiten, sinn nëmmen e puer Punkten wou een all zesummen mat Sécherheet méi Poids hätt, wéi wann een eleng intervenéiert. Des Daachgewerkschaft hätt net verhënnert dass d’Ënnerorganisatiounen sech weiderhin fir hier spezifesch Doleancen agesat hätt. Leider ass dee Gedanken am Moment eng Utopie.
Et ass traureg, dass mir Iech dëse Message mussen schécken. Engersäits, well mir Respekt virun dem hunn, wat den SNPGL an de leschten Joerzéngten fir d’Police geleescht huet, an anerersäits wëllen mir net an engem Moment wou Opbrochstëmmung an der Police soll herrschen, fir zousätzlech Polemik suergen.
Leider ginn et awer nu mol Saachen par rapport zum aktuellen Comité vum SNPGL, déi schonn laang net méi akzeptabel sinn, an déi hunn missen gesot ginn. Mir am Comité, sou wéi Dir bestëmmt och, schwätzen vill mat eisen Mataarbechter, an dat eenzegt wat mir am Moment kënnen maachen, ass d’Opklärung.

De Comité vun der ACSP.

 
 

PRESSE Radio 100,7 SNPGL kritiséiert e Manktem un Transparenz bei der geplangter Policereform
PRESSE Wort.lu „De Rimm läit erof“
PRESSE Journal.lu Durchführbestimmungen fehlen
PRESSE RTL.lu Police: D’Reform rutscht nach net
PRESSE RTL.lu Wien huet e gemaach a wéi ass en entstan?
PRESSE RTL.lu Police-Reform kënnt nodeems si laang „schleefe gelooss gouf“
PRESSE RTL.lu 2 Poliziste fir 6 Méint vun Aarbecht ausgeschloss a keng Pai
Syndicat National de la Police Grand-Ducale
19 rue Auguste Lumière L-2957 Luxembourg
 
To change your subscription, click here.