DAS

Responsable: S.N.P.G.L. – D.A.S

Pascal RICQUIER

Léif Kolleginnen a Kollegen

Firwat eng Assurance Protection Juridique?

De Comité vum SNPGL gëtt regelméisseg vun Iech drop ugeschwat, fir d’Käschten vum Affekot ze iwwerhuelen wann een e Problem an der Verwaltung huet, an déi Affär wëllt op dem Tribunal Administratif tranchéiert kréien.

Dozou muss en emol fir d’éischt soen, datt vun deene 70 € déi dir pro Joer bezuelt, dem SNPGL no Iwwerweisung op den SPFP an d’CGFP nach 12 € iwwreg bleiwen. Dir kënnt iech also virstellen, datt et onméiglech ass, d’Käschten vum Affekot ze iwwerhuelen, wann een vun wéinstens 3.000 bis 5000 € Käschten pro Affär ausgeet.

Dofir hu mir eis mat der DAS zesummegesat, fir ze kucken, ob d’Méiglechkeet besteet, fir eise Memberen e bëssen entgéint ze kommen, wann si esou eng Assurance ofschléissen wëllen. Als SNPGL-Member kritt dir 15%!

Déi assurance protection juridique déi ’DAS ubitt, ass fir Problemer am Déngscht awer och fir Problemer am Privaten.

Et ginn 3 Formelen ugebueden:
– Fir Famillen (bestuet oder gepacst)
– Fir Jonggesell(inn)en
– Fir Pensionéierter

Déi generell Konditiounen kënnt dir um Internet-Site vun der DAS noliesen. De Link fann dir hei, op eisem Site.

Wann dir schonn eng Assurance bei der DAS hutt ass et awer och méiglech vun dem finanziellen Avantage ze profitéieren.

An der Praxis fonctionnéiert dat ganzt folgendermoossen:
Dir schéckt eis eng Mail a mir ginn se dann weider un d’DAS (domadder confirméieren mir, dat den Demandeur och Member vum SNPGL ass an seng Cotisatioun SNPGL bezuelt huet).

Duerno gitt dir vun ärem perséinlechen Uspriechpartner vun der DAS kontaktéiert fir an engem perséinleche Gespréich all Detailer vum Kontrakt ze klären. Den Kontrakt gëtt tëschent iech an der DAS ofgeschloss. Den SNPGL ass do net mat dobäi.

Wann dir nach Froen hutt kënnt dir Iech mellen Moies am Sekretariat um 4997-2177 oder eng Mail maachen op snpgl@snpgl.lu.

Den Comité vum SNPGL bitt Iech heimatter eng Hëllef bei ären administrativen a privaten Problemer un.

Déi Offer gëllt fir alleguerten d’Memberen vum SNPGL, egal wéi eng Carrière.

RICQUIER Pascal.

 

Ären perséinlechen Uspriechpartner:

Madame Alexandra ZENNER

3, rue Thomas Edison

L-1445 Strassen

TEL: 661 707 700 / 997 279

alexandra.zenner@das.lu

 

Mail a Froen un „D.A.S.-SNPGL“

Flyer DAS