Skip to main content

Mam SNPGL an d’Baskeland 2024

Et wäert eng aussergewéinlech Rees ginn. Landschaftlech a virun allem kulinaresch: EXTRA!! Awer och d’Visitten si speziell, an interessant.

Et wäert och meng lescht Rees als Organisateur ginn!

Mir fuere Freides de 14. Juni 2024 fort bis op Tours, wou mir Iwwernuechten, nodeem mir eng kleng Visite guidée vum alen Tours gemaach hunn

 

A Samschdes geet et da weider Richtung Bordeaux, déi wonnerschéi Stad vum Wäin. Den historeschen Zentrum vu Bordeaux („Hafen des Mondes“) ass UNESO-Weltierwen.

Hei maache mir Mëtteg a jidderee kann e bëssen d’Stad besichen. Duerno geet et op Saint Jean de Luz an de ganz gudden a schéinen Hotel « Hotel de la Réserve » wou mir an hallwer Pensioun ënnerbruecht sinn. https://www.hotel-lareserve.com Owes kënne mir d’Wierker vum “Chef” Bastien Soumoulou bewonneren a schmaachen. Den Hotel läit nëmmen 10-15 Minutten ze Fouss vun der Uertschaft ewech an ass iwwert eng Promenade laanscht d’Mier einfach ze erreechen. D’Lag vum Hotel ass aussergewéinlech schéin. aussergewéinlech Vue !

Sonndes mueres maache mir e spektakulär Rees mam « Chemin de Fer de la Rhune » op eng aussergewéinlech, schéi Platz mat Vue bis a Spuenien an un d’Mier. Mëttes da steet Bayonne um Programm.

 

 

Méindes fuere mir op Saint-Jean-Pied-de-Port, eng bekannten Etapp vum Jakobswee. E klengt mee schéint Duerf direkt un der spuenescher Grenz. Duerno fuere mir op Espelette, an d’ “Maison du Piment” wou mir gewuer gi wéi dat bekannte Gewürz ugeplanzt gëtt a wat een alles kann domat geschmaachlech verbesseren. Dir wäert staunen. Als Ofschloss dann eng Visitt beim “Chocolatier Antton”. Och do begéine mir de “Piment d’Espelette”

 

Dënschdes geet et op Biarritz, dem fréiere mondäne Séibad, wou mir mat engem lokale Guide déi besonnesch Uertschaft kenne léieren. Duerno Fräizäit zu Biarritz.

 

Mëttwochs fuere mir an d’spuenescht Baskeland mat der Visite vu San Sebastian, déi Staat déi um Golf vu Biskaya läit. Sie ass nëmmen 20 Km vun der franséischer Grenz ewech a besonnesch kuckenswäert.

 

Donneschdes: Fräien Dag fir de Chauffeur. Mir kënnen zu Saint Jean de Luz iwert «Promenade Feodor Challapine» spadséieren an d’Duerf  Saint Jean de Luz besser kenne léieren.

 

Freides fuere mir fort Richtung Lëtzebuerg. Mais Owes e weideren Héichpunkt vun onser Rees : De Spektakel « Cinéscénie » zu Puits du Fou. Eng weltwäit eemoleg Show. Hei kuerz Eenzelheeten:

Déjà plus de 11 millions de spectateurs, 2 400 acteurs sur une scène de 23 hectares, 28 000 costumes, 1h40 de grand spectacle et de nombreuses nouveautés … le plus grand spectacle de nuit au monde est devenu un mythe immanquable. En quelques années, la Cinéscénie est entrée dans une nouvelle dimension avec de nombreuses nouveautés : la nouvelle mise en scène de lumière, les nouvelles projections vidéo 3D et de nouveaux décors, 10 nouvelles scènes en 6 ans avec de nouveaux effets spéciaux. La Cinéscénie vous en met plein les yeux !

 

Fir en Abléck ze kréien, hei de Link op de Site mat der Virstellung vun der Show.

 https://www.youtube.com/watch?v=3K9DoayS5rQ

Elleng deen Owend ass d’Rees wäert.

 

Samschdes 22.06.2024 fueren mir dann heem, mat engem gudde Mëttegiessen

Well dës Rees esou opwendeg ass, musse mir wéinstens zu 20 Persoune sinn,

Präis: 2410 € p/P am Duebelzëmmer bei 20 Matréesenden. Bei méi Leit, gëtt et méi bëlleg !

Eenzelzëmmer: + 2985 € !!!

Netmemberen:       + 30 €

Dat ass net bëlleg, awer gleeft mir, gerechtfäerdegt!

 

Well den Hotel “La Réserve” ganz vill Ufroe kritt a bal ëmmer ausverkaaft ass, krute mir nëmme bis de 15. Dezember 2023 eng Unzuel Zëmmere reservéiert.!

 

Mir mussen also bis de 15. Dezember d’Zuel ugi wéi fill Leit a wéi fill Zëmmere mir sinn.

 

All Interessente sollen sech esou séier wéi méiglech sech duerch Iwwerweisung vun 300 € p/P op de Konto 

CCPLLULL  IBAN LU25 1111 0477 0073 0000

vum SNPGL-Loisirs umellen.

 

Bemierkung: „Avancen Baskeland 2024

Weider Froen: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser. oder 621 21 88 37

Ech freeë mech drop!

Charel