Accéder au contenu principal

Update Aral Kaarten

Wat d’Aral-Kaarten fir d’Membere vum SNPGL ugeet, musse mir iech matdeelen, datt eng nei Prozedur mat der Aral amgaang ass. Dës nei Prozedur soll d’Ufroe fir eng Kaart wesentlech vereinfachen. 

An de nächste Wochen kritt dir eng Newsletter mat engem Link op eng Internetsäit, wou all Member individuell seng Demande fir eng nei Kaart online androe kann. Dës Säit ass schonn an der leschter Phase an gëtt geschwënn fräigeschalt. 

Fir déi Memberen, déi an de leschte Méint schonn eng Demande gemaach hunn, bieden mir nach ëm e bëssen Gedold.

 

Fir weider Informatiounen kënnt dir de Giuseppe PASSARO kontaktéieren:

📞 +352 621 135 337

📧 Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

 

Merci fir äert Verständnis.

 

Mat gewerkschaftleche Gréiss,

Är SNPGL-Equipe