Skip to main content

Communiqué de presse

Demissioun vum Pascal Ricquier am Conseil d'administration vum SNPGL

Objet: Demissioun vum Pascal Ricquier am Conseil d'administration vum SNPGL

E Samschdeg, 8. Juli 2023, ass bekannt gemaach ginn, datt de Pascal RICQUIER bei den nächste Chamberwale kandidéiert.

Fir déi politesch Onofhängegkeet vum SNPGL ze garantéieren, huet de Pascal RICQUIER op den 8. Juli 2023 vu sengem Posten als President vum Conseil d'administration demissionéiert.

Wärend ronn 10 Joer huet hien als President d'Geschécker vum SNPGL geleet, an de Conseil d'administration mat groussem Engagement gefouert.

Am Numm vun alle Membere soe mir him Merci fir säin onermiddlechen Asaz, a wënschen him vill Gléck fir den neien Challenge.

D'Posten am Conseil d'administration ginn an noer Zukunft nei verdeelt.

De Conseil d'administration

  • 8 juillet 2023

Documents

Liens externes