
Harmonisation des carrières inférieures
Den 01.10.2025 trëtt de Gesetzestext vun der Harmonisation des carrières inférieures a Kraaft.
Dëse gesäit vir, dass beim Staat d‘Karriär D ofgeschaaft an d‘Karriären C1 an C2 fir all Verwaltungen harmoniséiert ginn. Vun dëser Reform sinn dann all Beamte vun de Karriären C1 an C2 betraff. D‘Gesetz wäert retroaktiv ob den 01.07.2022 ëmgesat ginn.
Am C1 wäerten et an Zukunft just nach 5 Grade ginn an net wei bis elo 6. Dëst sinn dann elo d‘Graden F3/F4/F5/F6bis/F7bis. Avancementer maache sech no jeeweils 3 Joer a fir an den éischte Grad vum Niveau supérieur ze kommen (F6bis) muss een 12Joer am Niveau général gewiescht sinn. Den F7bis kritt een dann no 20 Joer.
Fir elo dee Grad, dee fir d‘Beamten am C1 ewech gefall ass, ze kompenséieren, kritt all Beamten C1, deen den 01.07.2022 manner wei 15Joer Déngscht hat, no 15 Joer Déngscht en duebelen Echelon als Avancement.
Am C2 ginn et dann an Zukunft 5 Graden (F1/F2/F3/F4/F5) an net wei bis elo 4. D‘Avancementer maache sech wéi beim C1 all kéiers no 3 Joer a fir den Niveau supérieur ënnert der Konditioun, dass een 12 Joer am Niveau général war. De leschte Grad kritt een och hei no 20 Joer Déngscht.
Fir den 2ten Avancement en grade ze kréien, mussen d‘ Beamte souwuel am C1 wéi am C2 de Promotiounsexame gepackt hunn. Dëse gëtt dann och elo fir all d‘Karriären an der Police no 3 Joer gemaach. De Grad vum Commissaire gëtt dann elo fir C1Beamten awer eréicht 3 Joer nom Examen unerkannt (Also am beschte Fall wéi bis elo no 6 Joer) a fir C2Beamten wéi bis elo mam Changement de carrière.
Als Mesure transitoire ass festgehale ginn, datt all Beamten, dee säin Exame virum 01.07.2022 geschriwwen a gepackt huet, dëst fir de Calcul vun der Anciennetéit gekuckt gëtt, wéi wann en den Examen no 3 Joer gepackt hätt.
Eng weider Mesure transitoire ass, datt all Beamten, dee mam Akraafttriede vum Gesetz an ee vun deenen éischten 10 Echeloe vum F6bis klasséiert gëtt, automatesch een Echelon bäikritt.
Duerch dës Harmonisatioun gewannen déi meescht Beamten e puer Punkten ob hirer Pai an et kënnt dann och zu engem positive Recalcul réckwierkend ob den 01.07.2022. Falls elo ee vun eise Memberen awer eppes géif verléieren, da soll dëse sech bei eis mellen, fir dass mir kucke kënnen, wat do geschitt ass.
No dëser positiver Noriicht, dass et bei deene meeschte Beamten zu méi Pai kënnt, muss den SNPGL awer och matdeelen, datt dem Comité beim Liese vum Gesetzestext eng Problematik mat der Verdeelung vum OPJ-Titel opgefall ass.
Sou ass am Gesetzestext, wéi scho virdrun erwäänt, virgesinn, datt de Beamten no 3 Joer an de Promotiounsexamen ka goen, an dann 3 Joer nom Exame säin OPJ-Titel kritt. Fir déi Beamten, déi an Zukunft mat 3 Joer Déngscht an den Exame ginn, ännert dat näischt, well si dann 3 Joer dono, also no 6 Joer Déngscht, wéi bis elo, hiren OPJ-Titel kréien.
Déi Beamten, déi awer elo duerch d‘Akraafttriede vum Gesetz no 4 / 5 / 6 Joer Déngscht an den Exame ginn, géifen da laut dësem Gesetz hiren OPJ-Titel erreicht no 7, 8 an 9 Joer Déngscht kréien.
Duerch d‘Retroaktivitéit vum Gesetz ob den 01.07.2022 stellt sech esouguer d’Fro, a wiefern déi Beamten déi 2022, -23 an -24 mat 6 Joer Déngscht an den Exame gaange sinn, elo missten den OPJ-Titel oferkannt kréien, an dann déi 3 Joer nom Examen ofwaarde missten, fir den Titel offiziell unerkannt ze kréien.
Well de Comité vum SNPGL erkannt huet, dass dëst fir déi betraffe Memberen eng grouss Oferkennung vun hirer Erfarung wier, a well d‘Police duerch déi feelend Unzuel un OPJ-Beamten e groussen operationelle Problem hätt, hu mir iwwert déi lescht Wochen a ville Reuniounen a mat villen Emailen mat der Fonction Publique an a gudder Zesummenaarbecht mat eiser DRH erreecht, dass d‘Fonction Publique sech där Problematik bewosst ginn ass, an dass de Gesetzestext dann an noer Zukunft ofgeännert wäert ginn, sou datt all Beamten erëm no 6 Joer Déngscht a gepacktem Examen, säin OPJ-Titel unerkannt kritt.