Accéder au contenu principal

NL Rectificatif zum Update zu verschidden Dossieren

2. Reclassement

Well et eng relativ komplex Matière ass, géife mir als SNPGL déi wichtegst Eckdaten vum Projet eng Kéier uschneiden.

De PL gesäit vir, all Beamten, dee virum 01.08.2018 am C1 vereedegt ginn ass an en Diplom oder eng Äquivalenz hat, op den Datum vum 01.08.2018 an de B1 ze reklasséieren, op eng Position déi sengem genauen Dëngschtalter entsprëcht, minus een Echelon. De Recalcul gëtt och op den 01.08.2018 gemaach.

All Beamten, dee virum 01.08.2018 am C1 vereedegt ginn ass, a beim Antrieden an d‘Police net Detenteur vun engem Diplom oder Äquivalenz war, deen awer en cours de route bis den 01.08.2018 nogeholl huet, huet och d’Méiglechkeet sech reklasseieren ze loossen. Hei gëtt awer den Datum vum Diplom oder der Äquivalenz gekuckt, ab deem de B1 dann uleeft an och fir de Recalcul ze berechnen.

Fir déi Beamten déi schon e Promotiounsexamen geschriwwen a gepackt hunn, gëtt et eng Dispense am B1.

Soubal d’Gesetz a Kraaft trëtt, leeft en Delai vun 3 Méint fir sech fir d’Reclassement ze mellen. Wéi a wou ee sech mellt ass nach net genau défineiert. Et besteet och eng Derogatioun zu deenen 3 Méint fir déi Beamten, déi sech an de Promotiounsexame gemellt hunn. Hei leeft den Delai ab dem Resultat vum Promotiounsexamen. Och hei zielt d’Dispens dono am B1.

 

3. Voie Expresse

D’Voie expresse, C1àB1 an C2àC1 leeft ab dem Akraafttriede vum Reklassements-Gesetz rëm un. Jiddereen, dee bei der neier Ausschreiwung fir d’Voie expresse seng 15, respectiv 12 Joer Dëngscht erof huet, ass eligibel fir de Mémoire ze schreiwen. Déi Beamten, déi sech gemellt haten fir d‘Voie Expresse C1àB1 déi am Oktober 2022 ausgeschriwen gouf, gi retroactiv op den 01.12.2023, respectiv den 01.05.2024 am Fall vun engem Noexamen, an de B1 nominéiert.

Firwat 15, respectiv 12 Joer Dëngscht? Den neien Art. 94 vum Policegesetz féiert eng 2 Triichter Léisung an, 15 Joer Dëngscht fir Beamten ouni Ofschloss, an 12 Joer Dëngscht fir Beamte mat Ofschloss virum 01.08.2018, als 1. Conditioun, an als 2. am Niveau supérieur sinn. Den Effectif vun 20%, déi sech melle kënnen zielt dann och pro Triichter a gëtt ne top déi 2 Triichteren opgedeelt. Och hei gëlt d’Konditioun, datt den Ofschloss virum 01.08.2018 gemaach an de Beamte virum 01.08.2018 vereedegt ginn ass.