Skip to main content

Cotisatiounen fir Joer 2024

Léiw Memberen,

Opgrond vun der ugekënnegter Erhéijung vun der Cotisatioun fir Joer 2024 duerch Upassung vun de Beiträg déi mir un CGFP weider ginn, ass et fir den SNPGL wichteg ze wëssen ween manner wei 60 Joer huet a net méi am aktiven Déngscht ass. De Comité kritt opgrond vum Dateschutz Gesetz des Informatiounen net méi vun der Police an ass op är Hëllef ugewisen. Déi concernéiert Leit kennen eis via Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser. kontaktéieren respektiv ab Hierscht 2023 den “Ticketing” System vum néien SNPGL Internet Site benotzen.

De Montant vun der Cotisatioun vum SNPGL fir 2024 bléift fir Pensionären bei 80 Euro a klemmt deemno just fir Leit am aktiven Déngscht op 95 Euro.

 

Merci fir är Mataarbecht

 

De Comité SNPGL