Skip to main content

Entrevue vum Policeminister Léon Gloden mam SNPGL

Léif Memberen, 

Den 21. Dezember 2023 hat de Minister Gloden den SNPGL op eng éischt Reunioun invitéiert. D'Reunioun huet an engem konstruktive Klima stattfonnt, an et ass sech iwwer vill Punkten ausgetosch ginn, maassgeeblech Saachen, déi am neie Regierungsaccord fir d'Belange vun der Police an de Poliziste festgehale sinn. 

Am Virfeld vun der Reunioun hate mir dem Ministère ee Formulaire zoukomme gelooss, wou mir de Standpunkt vum SNPGL zu den aktuell wichtegsten Theme kuerz a knackeg duergeluecht hunn.

Am Uschloss heirunner fannt Dir de genannte Formulaire zu Ärer Informatioun.

Mat gewerkschaftleche Gréiss, 

Äre Comité