Skip to main content

Fro vum honorablen Deputéierten Fernand Kartheiser zum Reklassement an der Police

Gudde Mëtteg,

den 12. Mäerz 2024, huet den honorabenn Deputéierten Fernand Kartheiser am Chamberplenum eng Fro zum Reklassement an der Police gestallt.

A senger Äntwert huet den Här Minister wësse gedon, datt heen un deem Reklassement festhale géif, an, datt niewt enger Reunioun mam Minister vum ëffentlechen Dëngscht den 19. Februar 2024, an der Thematik schonn den 12. Januar 2024 an den 8. Mäerz 2024 2 Reuniounen "um Niveau vun de Beamten, fir konkret Modalitéiten auszeschaffen" stattfonnt hätten.

An deene, vum Här Minister genannte Reuniounen "um Niveau vun de Beamten", wore weder Vertrieder vum SNPGL, der agreéierter Personalreprésentatioun, nach Vertrieder vum Daachverband CGFP dobäi.

Wier et méiglech gewuer ze ginn, ween an deene Reuniounen d'Interête vum Personal vertrueden huet, a mat wéi enger Legitimatioun, a wuerfir weder den SNPGL, nach d'CGFP do involvéiert sinn?

Den SNPGL fuerdert heimat direkt iwwer de Stand vun de Gespréicher informéiert ze ginn, a behält sech d'Recht vir eventuell beschwaten oder souguer "ofgemaachte" Saachen a Fro ze stellen, sollten d'Interête vun deem, vum SNPGL vertruedene Personal, dat verlaangen.         

De Conseil d’administration

  • 29 mars 2024