Skip to main content

Pàrp - majoration d’échelon pour postes à responsabilité

Léif Memberen,

Wéi Dir sécherlech matkritt hutt, schleeft den Dossier „Pàrp - majoration d’échelon pour postes à responsabilité” säit Juli 2023, ouni dass et richteg viru geet.

Aus dësem Grond huet den SNPGL dem Minister GLODEN de 6. Mäerz 2024 e Mail zu deem Thema geschéckt.

Den 8. Mäerz 2024 krut den SNPGL vum MAI - Ministère des Affaires intérieures - Direction générale de la sécurité intérieure, matgedeelt, dass an deenen nächsten Deeg nach zousätzlech 82 B1 Beamten a 7 C2 Beamten vum Policekader, souwéi 8 Membere vum Zivilkader hiren Arrêté vun der Majoration d’échelon zougestallt kréien.

Aktuell géifen um Ministère 39 weider Arrêtéë preparéiert, souwéi 10 Demandes d’Avis un de Ministère de la Fonction publique geschéckt ginn.

Leider sollt et duerch administrativ Schwieregkeeten um Ministère net direkt zu all deenen Zoustellunge kommen, sou dass bis dato nëmme ronn 25 Arrêtéen zougestallt konnte ginn.

No enger erneiter Interventioun krut den SNPGL vum MAI verséchert, dass de Ministère alles dru setzt, fir all de concernéierte Beamten hiren Arrêté an den nächste Wochen zoustellen ze loossen.

Äre Comité SNPGL

  • 25 mars 2024