Skip to main content

Dateschutz Erklärungen

Eis Säiten falen ënnert Lëtzebuerger Rescht.
Our pages fall under Luxembourger jurisdiction.
Unsere Seiten fallen unter Luxemburgisches Recht.
Nos pages tombent sous la juridiction luxembourgeoise.

1. Dateniwerdroung / Protokiolleiererung

Beim besichen vun eisen Säiten protokolléiert eisen Server automatesch Informatiounen, déi awer kenger bestëmmter Persoun zougeuerdent kennen ginn. Déi Daten beinhalten z.b. wéini een eis besicht huet, respektiv den Browser oder soss technesch Detailer. Déi Daten sinn geduecht fir an Fäll vun Problemer oder Ugrëff kënnen Rëckschless ze feieren. Déi Daten ginn och net un aner Persounen weider ginn.

2. Notzung vun perséinlechen Daten

Perséinlech Daten ginn nëmmen erhuewen, wann se fräiwëlleg vum Benotzer z.b. am Kader vun enger Ufroen oder ähnlechem agedroen ginn. Dat selwecht zielt beim androen an eng Newsletter. Mir ginn keng Donnéeën un aner Persounen / Organisatiounen weider oder verkafen dës och net. Sollt Dir är Donnéeën erëm wëllen geläscht kréien, dann kennt Dir eis natierlech kontaktéieren an mir wäerten deem dann esou schnell ewéi méiglech nokommen.

3. Auskonft, Änneren an läschen vun Daten

Laut geltend Recht kënnt dir eis natierlech ëmmer kontaktéieren fir gewuer ze ginn wat mir vun Donnéeën iwwert Iech gespäichert hunn. Dat selwecht gëllt fir d’läschen oder d’ëmänneren vun deenen Donnéeën!

4. Sécherheet vun den Daten

Mir probéieren mat all eis zur Verfügung stoenden Methoden är Donnéeën ze schützen! Den Trafic tëschent ärem Browser an eisem Server ass diesbezüglech normalerweis verschlësselt an mir recommandéieren beim verschécken vun extra sensibelen Daten eis am Viraus ze kontaktéieren.

5. Statistiken & Management Tools

Mir benotzen fir Statistiken ze feieren iwwert eis Säiten een eegenen Open-Source Tool deen MATOMO heescht. Deen Programm benotzt ënnert anerem „Cookies“, dat heescht kleng Textdateien déi op ärem Computer fir kuerz Zäit gespäichert ginn. Domadder kennen mir Detailer iwwert d’Verhalen vun eisen Visiteuren zwecks Analyse an Verbesserung vun eisen Säiten sammelen.

Dees weideren benotzen mir een zentralen Management Tool fir all eis Scripten reegelméisseg ze updaten an doduerch Sécherheets Risiken ze minimiséieren. Déi zwee Programmer (Statistiken an Management) lafen allen zwee op engem Server deen an Däitschland sëtzt, un sech déi selwecht Maschinn op deenen dës Säiten lafen. Déi Programmer ginn bedriwwen vun NoTele.com

Mir wëllen just hei drop hiweisen, dass mir duerch déi eegen Solutiounen verhënneren, dass Servicer ewéi Google oder ähnlech esou mann ewéi Méiglech Informatiounen iwwert eis an eis Visiteuren sammelen kënnen! Duerch d’benotzen vun eisen Säiten erkläert Dir Iech also averstanen mam sammelen vun deenen puer Informatiounen

6. Cookies

Op eisen Säiten kann et sinn dass dir vun engem vun eisen Scripter Cookies zougeschéckt kritt. Dat sinn kleng Dateien déi op ärem Computer fir d’Zäit vun dem Besuch gespäichert ginn an déi et z.b. erméiglechen sech an ze loggen oder ähnlech Situatiounen ze vereinfachen. Méi Informatiounen an wei ären Browser agestallt ass fir mat Cookies em ze goen fannt der op der Säit vum Hiersteller vun ärem Browser.

7. Strofverfolgung

Sollten mir iergendwellech Ufroen kréien vun Autoritéiten betreffend eiser Benotzer, an déi och an enger legaler Form sinn, wäerten mir natierlech kooperéieren! Dees weideren wäerten mir am Fall vun enger Strofdot op eisen Säiten och kloer all Moyen’en déi eis zu Verfügung stinn drun setzen fir déi schëlleg Persounen un ze kloen!
Eis Säiten ënnerleien dem Lëtzebuergeschen Recht an sinn an Däitschland gehost, wat bedeit dass mir eis och do den herrschenden Reegelen upassen.

8. Ännerungen vun dësem Text

Mir wäerten deen Text hei reegelméisseg veränneren an en à jour halen betreffend deenen aktuellen Virgaben. Sollten gréisser Verännerungen virgeholl ginn, dann erklären mir dat hei och. Bei Froen net zecken eis ze kontaktéieren!