Skip to main content

SNPGL SERVICES - ARAL

ARAL

ARAL

PARTENARIAT ARAL - SNPGL

De Comité vum SNPGL ass frou Iech eise Partenariat mat Aral Luxembourg S.A. ab September 2022 ze annoncéieren.

 ➢ B2Mobility GmbH stellt all Member vum SNPGL eng oder méi Aral Card Luxembourg zur Verfügung. All Clientskont huet eng Limite vun € 500,-- pro Mount.

➢ B2Mobility GmbH bestätegt all Member vum SNPGL eng Remise op Brennstoff vu 4,5 Cent pro Liter (TVA abegraff) op den offizielle Präis op der Pompel (ausser Autobunnsstatiounen) souwéi eng Remise vun 20% op der Autoswäsch an enger vun den 19 SuperWashStatiounen.

➢ Aral Card Luxembourg stinn Iech ouni zousätzlech Käschten zur Verfügung a ginn op 52 Aral Tankstellen a 5 BP Statiounen am Grand-Duché ugeholl.

➢ D‘monatlech Ofrechnung mat all Transaktiounen, déi am leschte Mount gemaach goufen, gëtt per E-Mail geschéckt. D'Kaart, de Geheimcode an all aner Korrespondenz ginn un d'privat Adress vun all Member geschéckt.

➢ Bezuelung vu monatleche Rechnunge muss onbedéngt duerch en „ordre de domiciliation“ vun enger Bank gemaach ginn, déi vun all Member am Viraus bezeechent gëtt.

➢ Wann den „ordre de domiciliation“ net ausgefouert ka ginn, behält B2Mobility GmbH sech d'Recht vir fir d'Kaart direkt an eisem Netz ze blockéieren.

➢ All Ännerung betreffend ee vun de Kaarte-Benotzer muss direkt dem Aral Card Service gemellt ginn. Wann e Member den SNPGL verléisst, gitt wgl d'Kaart(en) vun dësem Member zréck resp. musse mir informéiert ginn fir d'Kaarten ze blockéieren.

➢ Am Fall vum Verloscht muss dat direkt gemellt ginn, d'Kaart gëtt dann an eisem Netz gespaart an eng Ersatzkaart gëtt gratis ausgestallt.

➢ Fir de Kaf vu 450 Liter Brennstoff op enger vun den 19 Tankstellen, déi eng SuperWashStatioun bedreiwen, huet all Client d'Recht op e gratis Wäschen am "Silver"-Programm. Alles wat Dir maache musst ass d'Statiounspersonal bei Ärem éischte Besuch fir eng Profitcard ze froen.

Wat muss Dir maache fir eng oder méi Aral Card Luxembourg ze kréien?

Ganz einfach: maacht eis en Email op Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser. mat Ären Donnéeën oder rufft eis am Sekretariat ( 244 404 278 u fir eis Ären Interessi matzedeelen. Mir schécken/mailen Iech dann d’Formulären zou, déi Dir eis komplett & ënnerschriwwen zréck schéckt. Mir leeden dann alles un Aral Luxembourg S.A. weider an Dir  kennt da vun dëse Virdeeler profitéieren.